"Woke" vs Fakten

Eng méiglech Hausse vum Rietsextremismus mécht de Lëtzebuerger haut däitlech méi Suergen, wéi nach virun engem Joer. Dës Suerg ass souguer op Plaz 7 am Politmonitor an domadder nach virun der Suerg ëm d'Follge vum Klimawandel, der Entwécklung vun der Sécherheet oder der Energieversuergung. Mee wéi extrem ass de rietse politesche Spektrum eigentlech hei am Land? Dat freet sech d'Annick Goerens am Commentaire.
Am Juni sinn Europawalen an dofir gëtt och hei am Land ëmmer méi iwwer ee méigleche Rietsruck debattéiert. A ville Länner gi rietskonservativ Parteie vun de Wieler gestäerkt. Firwat? Mir erliewe Post-Pandemie an eng grouss international Onsécherheet: Kricher, Wale mat potentielle Spreng-Charakter an den USA. Donieft gutt 2 Joer Inflatioun, wirtschaftlech Stagnatioun, Energiepräisser, déi ouni Präisdeckel ënnert de Plaffong ginn… all dat ass wéi Kompost fir rietspopulistesch bis rietsradikal politesch Stréimungen a Parteien.
An déi Tendenz ass net nei.* Mee genee duerch e jorelaangt Gebrëlls aus ultrarietsen Ecke si verschidden Iddie mëttlerweil och am gesellschaftleche Mainstream ukomm. An dat mécht verschiddene Wieler Angscht. Hei am Land kommen op eemol extrem rietspopulistesch Aussoen aus DP- an CSV-Kreesser. Simone Beissel a Marc Lies fir keng Nimm ze nennen. Wou hält d'Meenungsfräiheet op? Wéi wäit dierf ee goen?
D'ADR ass net rietsextrem, mee radikaliséiert sech ëmmer méi, seet d'Politologin Léonie de Jonge. Si gesi sech als déi aner Stëmm an engem politeschen Debatt, deen an hiren Aen ëmmer méi no lénks rutscht oder, wéi de Fred Keup et nennt, ëmmer méi "woke" gëtt. "Woke"** ass iwwregens dat neit béist Wuert, mat deem d'ADR ronderëm geheit an dann eng "Cancel culture" hei am Land invoquéiert, wéi hir nei Parteipresidentin Alexandra Schoos e Mëttwoch hei op der Antenn erkläert huet. Si schwätze vun Zensur. Do froen ech: wat genee gouf dann hei am Land gecancelled? Wéini gouf d'ADR zenséiert?
Op déi Fro konnt och d'Lexy Schoos dës Woch am Interview alles anescht wéi eng kloer Äntwert ginn. Lauschtert vu Minutt 8 un. Am Géigendeel sinn et verschidden ADR-Politiker, déi gekonnt vill Evenementer a Fro stellen a lénks a riets wëllen zenséieren, wat hinnen net an de Krom passt. Den Deputéierten an EU-Spëtzekandidat Fernand Kartheiser hat sech mat engem schwule Känguru aus engem Kanner-Theaterstéck, dat géing schliisslech keng "normal" Famillje weisen. Den ADR-Deputéierten a Stater Gemengeconseiller Tom Weidig hat sech mat enger Liesung vun der Tatta Tom, engem Travestie-Kënschtler, an der Escher Bibliothéik. Dat wier eng lénksextrem Woke-Beweegung an LGBTIQ+ Propaganda. Donieft stéisst sech den Tom Weidig och dorunner, dass vill Betriber wärend dem Pride-Mount, also am Juni, de Reebou-Fändel an hire Logo integréieren. Mat Verweis op d'Luxair, déi den ieweschten Deel vun hire Sëtzer mat Reebou-Fändel gerëscht haten, schreift hie souguer an engem Post op de soziale Medien, dat wier totalitär.

]
De CID Fraen a Gender, eng Organisatioun, déi sech fir Fraerechter an Egalitéit tëscht de Geschlechter asetzt, soll an den Ae vun der ADR net méi héich Subside vun der Stad Lëtzebuerg kréien, well d'Kanner an de Schoulen a sougenannte Sensibilisatiounsateliere vum CID géingen indoktrinéiert ginn. Carrement indoktrinéiert. Just als Erklärung: bei deenen Ateliere geet et drëm Jongen a Meedercher op Stereotyppen opmierksam ze maachen, si opzeklären an zum Beispill och jonk Meedercher z'encouragéieren sech méi fir Wëssenschaft an Informatik z'interesséieren.
Fir et eemol ganz däitlech ze maachen: d'ADR dierf all déi Aussoen do maachen. Et gëtt hei am Land kee Cordon sanitaire. Dat gouf zwar vum Magasinn Forum an d'Spill bruecht, mee gëtt net vun de Medien applizéiert. Si dierfen also vill vu sech ginn, mee si ginn dofir nu mol och kritiséiert a mussen et sech och gefale loossen, dass een hinne widdersprécht. Widderspriechen ass ee fundamentaalt Recht an enger Demokratie. Dat huet näischt mat "woke" ze dinn.
Déi nei Parteipresidentin Alexandra Schoos fuerdert Fakten a stellt Etüden iwwer Ongerechtegkeeten a Fro. Donieft fuerdert si, dass soll iwwer e Lénksruck geschwat ginn. Wann lénksorientéiert Stréimunge wëssenschaftlech Etüden a Fro stellen, kann ech Iech garantéieren, dass d'Medie wäerten doriwwer diskutéieren. Stéchwuert: Debat. Dee muss een zouloosse léif ADR.
*Schonn zanter Jore gewannen éischter rietskonservativ Iddien u Beléiftheet. De Silvio Berlusconi huet dat scho virum Giorgia Meloni an Italien salonsfäeg gemaach, d'Marine Le Pen ass an d'Fousstapfe vun hirem Papp geklommen, de Geert Wilders ass och scho ganz laang aktiv, genee wéi de Viktor Orban.
** Déi eenzeg, déi iwwregens soss nach mam Begrëff "woke" hantéiere fir alles, wat progressiv an an hiren An lénksradikal ass, ass d'AfD an Däitschland. De Begrëff "Woke" staamt u sech aus dem Kampf vun Afroamerikaner an den USA géint Diskriminéierung a rassistesche Prejugéen.