Den 9. Juni sinn Europawalen. E Samschdeg huet d'DP sech op hirem Kongress dorobber agestëmmt.

De Parteipresident Lex Delles hat vun der Geleeënheet profitéiert, fir e bëssi géint de Premier Luc Frieden an deem seng rezent Aussoen zur Atomenergie an zum Klimaschutz ze stëppelen. Ma dat ass awer liicht no hanne lass gaangen, mengt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Marc Hoscheid

Jiddereen, dee mengt, e puer Atomreakteren, déi am beschten och nach ganz wäit vun eise Grenzen ewech gebaut solle ginn, géingen all eis Problemer léisen, deen huet d'Urgence vum Problem net verstanen. Rumms, dat souz. Do hat de Lex Delles dem Koalitiounspartner CSV, virop dem Premier Luc Frieden, awer eng matginn. Dat kann iwwerraschen, hunn DP an CSV zanter, datt se sech ee Koalitiounsbett deelen, dach ëmmer erëm betount, wéi gutt ee sech versteet. Déi inhaltlech Ënnerscheeder waren esouguer sou verschwommen, datt déi Liberal vu Verschiddenen als Mini-CSV gesi goufen. Do kommen d'Europawalen dach grad richteg, fir sech e bëssi ofzegrenzen. Ganz sou frësch ass deen neie Luc mat sengen alen Iddien dann awer net, dat war de Message vum vergläichsweis jonken an dynameschen Delles. Just blöd, wann e puer Minutten drop den nach méi jonken an dynamesche Lou Linster, President vun de "Jonken Demokraten", ob der Bün genee de Contraire seet an nach méi fir d'Atomenergie schwäermt wéi de Luc Frieden. Och net optimal ass, wann den Ausseminister Xavier Bettel da richtegstelle wëllt, datt een d'Atomenergie awer guer net sou gutt fënnt, also ausser se ass iergendwann eng Kéier sécher a mécht keen Dreck méi. Den Energieexpert Bettel, deen d'Klima doduerch rette wollt, datt e säi Jughurt selwer mécht an esou Becheren aus Plastik spuert. Komesch, datt en nach net mat der Iddi komm ass, an Zukunft just mat Fligeren ze fléien, déi mat Wandenergie ugedriwwe sinn.

Iwwerhaapt ass et e bëssi gelungen, datt sech d'DP am Kader vun den Europawale grad de Volet Atomenergie erausgesicht huet, fir sech vum Koalitiounspartner ofzegrenzen. Europawäit weise sech ëmmer méi Länner oppe fir Atomenergie an den Afloss vun den EU-Institutiounen ass begrenzt. A wat d'Klimapolitik ugeet, firwat hu sech déi Liberal, wann en de Sujet sou um Häerz läit, an deene leschten dräi Koalitiounsverhandlungen ni den Ëmweltministère geséchert? Dee Ressort hätt dach am Fong besser bei Logement an Amenagement du territoire gepasst wéi d'Educatioun. An deene leschten 10 Joer war d'DP alles anescht wéi ee Virreider an der Klimaschutzpolitik. Sou war een Deel vun de Liberale guer net begeeschtert, wéi Lëtzebuerg virun enger Partie Joren am Kader vum Energie- a Klimaplang decidéiert huet, méi wäit wéi d'Propose vun der EU-Kommissioun ze goen an den CO2-Ausstouss bis 2030 ëm 55 an net just 40 Prozent am Verglach mat 2005 ze reduzéieren. An d'Diskussioun um Parteikongress huet gewisen, datt ee sech an der DP och haut alles anescht wéi eens doriwwer ass, wéi eng Decisioune mat Bléck op de Klimawandel geholl solle ginn.

Wann een also déi nächste Kéier probéiert, fir e bëssi op Distanz zur CSV ze goen, da sollt virdru gekuckt ginn, datt ee mat enger Stëmm schwätzt. Wa schonn net no bannen, dann op d'mannst no baussen. Do kéint de Lex Delles sech vläicht e Rot vu senge Virgänger um Poste vum Parteipresident huelen. An der Zäit war d'Ënnerdrécke vu kritesche Stëmmen aus den eegene Reien dach quasi een DP-Markenzeechen.