De "Front républicain" géint den RN huet also a Frankräich gehalen. Mee de President Macron grad wéi d'europäesch Nopere kënnen net entspaant weider maachen, wéi wann no dësem elektoralen Tsunami näischt geschitt wier. D'rietsextrem Percée ass eng Realitéit an domat muss en Ëmgang fonnt ginn, seet de Roy Grotz  a sengem Commentaire.

En Ëmgang, deen net einfach a mat hallefhäerzege Parollen ze geschéien huet, mee eng kloer an definitiv Ofgrenzung zu all de Rietsen, déi splécken, déi rassistesch, antisemittesch an diskriminant Message verbreeden an et op d'Wieler ofgesinn hunn, déi sech vergiess a lénks leie gelooss fillen.

Wëll d'Brandmauer huet duergehalen, mee d'Glous ass net geläscht.

Commentaire vum Roy Grotz

Am fragiliséierten Hexagon sinn et och am zweeten Tour vun de Neiwalen nach ëmmer 9 Millioune Leit, déi sech duerfir an d'Äerm vun der autoritärer, nationalistescher Pseudo-Prophéitin Le Pen mat hirem Stréimännchen a Faktotum Bardella gehäit hunn. Jo, d'republikanesch Diguen hunn dës Kéier gehalen - mee den RN ass ewell voll an der Campagne fir d'Presidentiellen a wäert mat sengen 143 Deputéierten an der neier Assemblée keng Geleeënheet verpassen, Drock op d'zerspläitert Fraktiounslandschaft ze maachen, déi sech sou wéi sou schwéier wäert domat doen, fir Majoritéiten ze fannen.

Datt Frankräich net méi ze gouvernéiere wier, schéngt dat Schlëmmst wat ka geschéien, an engem Europa, datt e staarke franséische Partner brauch, fir am russeschen Agressiounskrich an der Ukrain net nëmme rhetoresch opzerüsten, mee och un der Front anzegräifen.

Dorunner muss och lo de Jupiter-President Macron gemooss ginn, deen net weider kann Ego an Narzissmus ausliewen, mee dee muss vum Podest vum Roi Soleil erofklammen, fir matzehëllefen, politesch Koalitiounen ze forméieren, déi sech - ganz ouni d'Extremer vun LFI an RN ze bedéngen - mussen am Hémicycle zesummen dinn, fir déi reell Problemer vu Kafkraaftverloscht, Drogenhandel, Onsécherheet, Accès zu Soinen an Educatioun an der Equitéit an der klimatescher Transitioun unzegoen an d'Staatsschold net nach weider an d'Héicht ze dreiwen.

Och do ass d'redresséiert Gauche mat hiren 182 Deputéiert lo gefuerdert, fir och ouni Majoritéit politesch imaginativ ze ginn!

Wann de Macron dat net fäerdeg bréngt a sech hei net ouni perséinlech Arroganz a blaséiert Hybris op d'Konscht vun de Koalitiounen aléisst, iwwerléisst hien ouni Nout säi Land, dat déi zweetgréisst EURO-Wirtschaftszon ass, de Riets-Extremen, déi nëmmen op dësen Ament waarden.

Um historeschen NATO-Sommet lo zu Washington, wou Kiew op en onmëssverständleche Support zielt, hunn d'Staats- a Regierungscheffe Geleeënheet genuch, hirem Kolleeg Emmanuel ze soen, wat hie lo ze dinn huet, fir net a sengem eegene Land an eng "Mort cérébrale politique" ze falen - eng Diagnos, déi de Macron viru fënnef Joer fir d'NATO gemaach hat.

Vill futtist a verluerent Vertrauen an engem geläämten a geschwächte Land nees gutt maachen a senger Roll als deen, dee presidéiert a leed an zesummeféiert och wierklech gerecht ze ginn, fir de komplette politesche Blockage a Stëllstand ze evitéieren.

Un der Assemblée ass et lo d'Land an der Phas vum presidentiellen Detox ze guidéieren a méi ze sinn, wéi just de verstëbste Placard vum Elysée.