D’Rentendiskussioun: Dat ass zum Sujet vun der politescher Rentrée ginn. An de Sujet léisst déif blécken. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Esou séier kann et goen.

De Commentaire vum Jean-Marc Sturm

Virun de Wale waren d’Rente guer kee Sujet. Nom Motto: Nëmmen net thematiséieren, et kann ee sech just d’Fanger verbrennen. Paritéit, Solidaritéit, Egalitéit  sinn éischter Theorie ... vun ëffentlechem Déngscht bis Gendergap. Mä loosse mer dat emol ausgeklamert.

Enn 2023 koum den neie Luc an deen huet mat der Martine Deprez eng politesch Newcomerin aus dem Hutt gezaubert, eng Mathematikerin. Den Hoke bei der Saach ass, dass déi ganz Rentendiskussioun net op eng Fro vun der puerer Mathematik oder op eng Formel fir een Excel-Sheet ka reduzéiert ginn.

Et hänkt vill dorunner, virun allem gesellschaftlech an do ass zum Beispill d’Tatsaach, dass d’Altersarmut zu Lëtzebuerg an de leschten Joren zwar am Verglach mat anere Länner éischter niddereg ass, ma se klëmmt dach awer stänneg. Et geet dacks net duer fir de Präis, dee gemenkerhand an Altersheemer gefrot gëtt.

Vun enger Koppel mat just enger Rent, (an där gëtt et nawell net grad wéineg), vun deene guer net schwätzen.  A wann et mat der Rent net duergeet, da muss dat Agemaachen dru gleewen.
 
Zum Rentendësch dann:
 
Wann déi ganz Diskussioun just um klasseschen Tripartite-Niveau géif gefouert ginn, wier deen Happening bal net néideg, well ee gemeinsamen Nenner bei de Sozialpartner quasi net ze fannen ass an d’Politik um Enn sou oder esou muss tranchéieren.

Elo wëll een nieft de Sozialpartner och aner Acteuren mat an d’Diskussioun abannen. Via eng speziell Plattform soll quasi all Mënsch seng Iddien mat era bréngen. Wéi wichteg dat ass, weisen eleng déi Honnerte Reaktiounen a Commentaire bei eis um Internet, wann et ëm de Sujet Rente geet.

E speziellen Accent soll op de Jonke leien.

Gutt, well et geet jo virun allem ëm déi. An déi sinn och net esou naiv, wéi se dacks duergestallt ginn. Déi si sech bewosst, dass fir si eng Pensioun mat 60 Joer quasi net méi dran ass, déi denke méi fréi wéi eeler Generatiounen un de Sujet Zousazpensioun an net just fir Steieren ofzesetzen.

Déi Jonk hunn ofgesinn dovunner och aner Problemer a wann et nëmmen ass, fir béid Enner beieneen ze kréien a Saache Logement, nodeem si sech op der Bank een Taux variable beim Prêt opschwätze gelooss hunn. Dobäi stelle se d’Steierklass 1 mat Recht a Fro a si wëllen gären elo eppes vum Liewen hunn.
 
Um Enn ass et wéi gesot eng politesch Decisioun.

Et wier een als Politiker falsch gewéckelt, wann ee mengt, et géif een och nach 9 Méint nodeem de Sujet relancéiert gouf. mat populistesche Sätz dervu kommen vum Genre : "mat eis gëtt am Rentendossier den décken Hummer net eraus geholl».

Wann ech esou eppes héieren, weess ech net, ob ech mech soll schudderen oder ob ech soll gaapsen.
 
Courage ass gefrot an et soll een de Realitéitssënn vun de Leit net aus den Aen verléieren.

Virun de leschte Wale waren där, déi gemengt haten, se kéinte mam Sujet Aarbechtszäit-Reduktioun Punkte sammelen.

Haut si se trotzdeem an der Oppositioun.