Parallel zum juristeschen Opschaffe gëtt de massiven Detournement bei der Caritas och vun e Mëttwoch u politesch beliicht, iwwerdeem e ganze Secteur vun ONGen an Asblen gutt gerëselt gouf. D'Nobiewe sinn hefteg a wäerten nach weider Affer fuerderen, seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.

Dorunner näischt ännere wäert och de spontane karitative Geste vum Poopst François, Dee säi Scheck mol net aus der Kathedral mat op de Findel geholl huet.

De Commentaire vum Roy Grotz

Mä och déi puer Suen, déi an den Afferstäck beienee komm sinn, géifen de loin net duergoen, fir dat ze reparéieren, wat duerch de Caritas-Skandal futti geschloe gouf. Nämlech de Fiduz vun den Donateuren, fir enger Associatioun Suen unzevertrauen, déi dann a Projeten heiheem oder am Ausland gestach ginn, fir sou anere Leit e bessert Liewen z'erméiglechen oder hinnen eng Ausbildung ze verschafen.

Dat war soss e festen Deel vun eisem associativen Tissu, wou ee soss enger Uerdensschwëster oder engem Pater eppes mat an d'Missiounen ginn huet, fir duerno och politesch-revendikativ Asblen z'ënnerstëtzen oder natierlech d'Big Player wéi MSF oder Unicef, déi weltwäit aktiv sinn.

Och d'Caritas war e Big Player, awer nëmmen am internationale Reseau, mä Heiheem eeben net sou gutt a professionell opgestallt. Sou datt eng kriminell Fraude d'chrëschtlech-soziaalt Konstrukt un de kompletten Zesummebroch bruecht huet.

Et sinn lo d'kleng a mëttelgrouss Associatiounen, déi bal komplett um Benevolat berouen, déi d'Pan musse klaken, fir d'Vertrauen vun den Donateuren zeréck ze wannen an ze weisen, datt een eng seriö, retraçabel Finanzgestioun mécht, an datt d'Suen zilgenee dO ukommen, woufir se dediéiert sinn.

Sech an d'Fatalitéitsfal verkrauchen an hoffen, datt de Caritas-Stuerm laanscht zitt, ass dee gréisste Feeler, dee lo bei de Clibb kéint gemaach ginn.

Et ass gutt, dass en Äerdbiewen duerch de Secteur geet an amplaz ze lamentéieren sollt séierstméiglech gewise ginn, wéi Een d'Vertraue vun den Donateure belount an net oppe Flanke fir kriminell opgestallt Banditte bitt, och wann een ni komplett à l'abri vun dësen organiséiere Banden ass, déi clever a mat A.I.-Outilen equipéiert international operéieren.

Och d'Politik hëlleft beim Mat-Opschaffen an natierlech huet ee missen op deen Zuch erop sprangen, fir ënner anerem de Player aus dem Beräich, also och dem Bistum, ze weisen, datt ee waarm, generéis Häerzer huet. Riichter sinn d'Deputéiert glécklecherweis net. Et wier sech deemno ze wënschen, datt de Rapport deen an der Spezialkommissioun erauskënnt méi ass, wéi e symbolesche Compte-rendu vun Alibi-Versammlungen, mä eng Guide line, wéi sech Vereenegungen opzestellen hunn, fir Katastrophen à la Caritas-Arnaque, beschtméiglech z'evitéieren.

Gespaant dierf een och sinn, wéi d'Asbl HUT et meeschtert, d'eenzel Caritas-Aktivitéiten iwwert d'Zäit ze stemmen, an ob net awer nach musse Leit entlooss a weider Zerwisser zougemaach ginn. A genee sou interesséieren wäert, wéi déi zwou direkt-implizéiert Lëtzebuerger Banken wäerte musse riichtstoen wéinst dem Volet vun de "berufflechen Obligatiounen", wou jo wuel kloer versot gouf. D'Procureur Général Martine Solovieff huet zu deem Volet glaskloer Aussoen op eiser Antenne gemaach.

Organisatoresch Dysfonctionnementer an Erafalen op Bedruch a Wahrsager-Manipulatiounen, also sécher an de Garer Caritas-Büroen, wou d'Vertraue bis un d'Grenz vum Erdrobaren ausgenotzt gouf, fir e Millioune-Lach ze schëppen, wou d'Doudelued vun der Caritas erofgelooss gouf. Mä op där anerer Säit och politesch Responsabilitéiten, déi fundamental ni opgeschafft goufen.

Caritas ass Hëllefen aus Léift zu Gott - an zum Nächsten. An der Causa Caritas gouf dës Definitioun komplett ausgeblent. Vu Moral an Ethik blouf séier wéineg iwwreg a wann an der Riedensaart gesot gëtt "wann et op de Paschtouer reent, dann drëpst et op de Koschter", sou war vum Bistumsprabbeli an dësem Tornado näischt ze gesinn.