Virun engem Mount ass de syreschen Diktator Baschar al-Assad gestierzt ginn. D'Diskussiounen iwwert den Ëmgang mat syresche Flüchtlingen huet net laang op sech waarde gelooss. Och d'Lëtzebuerger Regierung huet séier decidéiert, d'Decisiounen iwwert de Statut fir syresch Migrante bis op Weideres op Äis ze leeën. Ënnert anerem de Flüchtlingsrot, Passerell an d'Asti ruffen zur Virsiicht op an dat zu Recht fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:

Nëmmen zwee Deeg no der Chute vum Baschar al-Assad huet Lëtzebuerg d'Asyldemandë vun 825 Syrier suspendéiert. Wéi laang den Traitement vun den Demanden ausgesat gëtt, huet den Inneminister Gloden net präziséiert. Ongewëssheet deemno fir iwwer 800 Leit déi aus engem Land geflücht sinn, an deem bis virun engem knappe Mount Terror a Gewalt op der Dagesuerdnung stoungen. Ongewëssheet doriwwer op se kënnen zu Lëtzebuerg bleiwen oder net, mee och Ongewëssheet doriwwer wéi et an hirem Heemechtsland wäert viru goen.

D'Hoffnung ass do, datt d'Situatioun a Syrien sech verbessert, Gewëssheet gëtt et awer nach keng. Vill Froe stellen sech, speziell och fir Minoritéite wéi Kurden a Chrëschten, näischt ass sécher an et wier irresponsabel, iwwerstierzt Decisiounen ze huelen. Datt just e puer Deeg nom Enn vum Assad-Regime a villen europäesche Länner direkt driwwer debattéiert an decidéiert gouf, wéi e mat Asyldemanden ëmgoe wäert ass net just erschreckend mee och onmënschlech, deplacéiert an traureg. Kee weess aktuell, wéi sech d'Situatioun a Syrie wäert entwéckelen, ob eng Stabilitéit iwwerhaapt méiglech ass. Migratiounspolitesch Froe kënnen awer a mengen Aen nëmmen da beäntwert ginn, wann ee bis weess wou d'Land histeiert a wéi sécher et tatsächlech ass fir Leit zréck a Syrien ze goen. D'Leit déi aus dem Biergerkrichsland geflücht sinn hu Schutz an engem anere Land ugefrot an op et fir si sécher ass zréck ze goe kann de Moment kee garantéieren. Wisou also elo schonn doriwwer diskutéieren?

Déi eng wëlle vläicht zréck an hiert Heemechtsland, anerer hunn Angscht well si virun den Terrororganisatioune geflücht sinn déi elo mat um Pouvoir am Land sinn. D'Fäll sinn ënnerschiddlech an individuell. Ma virun allem gëllt et elo mol ofzewaarden an déi vulnerabel Leit, déi alles hannert sech gelooss hunn an en Neistart an engem anere Land versichen, net nach weider ze veronsécheren.

Am Zentrum misst elo also virop d'Fro stoe wat aus Syrie gëtt, ier iwwert d'Zukunft vun de Leit geschwat gëtt déi an deem Land Traumaen erlieft hunn, Familljememberen a Frënn an deelweis hir ganz Existenz verluer hunn. Dofir ass et wichteg, datt wéi de Flüchtlingsrot et fuerdert, all Ufro op eng international Protektioun zu Lëtzebuerg weider Bestand behält an individuell gepréift gëtt a fir Leit aus Syrien déi selwecht Rechter gëlle wéi fir all aner Migranten, déi Asyl hei am Land froen.

De Commentaire vum Claudia Kollwelter