Net all Fuerz vum Donald Trump verdéngt eng Reaktioun

Den Donald Trump gëtt den 20. Januar als 47. US-President vereedegt.
Ma schonn elo dominéieren Aussoe vun him d'Neiegkeeten. Schonn a senger éischter Amtszäit huet den Donald Trump gefillt all Dag fir Schlagzeile gesuergt. Schold dorunner sinn och d'Medien, déi gefillt all Ausso, egal wéi abstrus se ass, opgräifen an deels opbauschen. Ma d'Zopp gëtt net esou waarm giess, wéi se gekacht gëtt, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
Verloossen d'USA geschwënn d'NATO? Gräifen d'USA geschwë Grönland an oder Panama un? An nach vill méi wichteg: Heescht de Golf vu Mexiko geschwë Golf vun Amerika? Déi Froe goufen an der Lescht medial méi oder manner diskutéiert. Grond dofir waren Aussoe vum designéierten US-President Donald Trump. Et huet een den Androck, de Republikaner wier schonn nees zréck am Oval Office, dobäi sëtzt do nach ëmmer den Joe Biden. Datt den Demokrat sech zanter de Walen de 5. November zimmlech rare mécht, dréit natierlech, nieft dem Donald Trump senger offensiver Kommunikatioun, och säin Deel dozou bäi, datt hien als Quasi-President eriwwerkënnt. Ma esouguer wann den Donald Trump bis am Amt ass, gëllt: Et gëtt keng Verflichtung fir d'Press, op all Fuerz, deen den US-President léisst, also am iwwerdroene Sënn, ze reagéieren. Dat heescht net, datt een den Donald Trump systematesch ignoréiere soll, dofir ass d'Amt vum US-President, wéinst der Muecht, déi domadder verbonnen ass, vill ze wichteg. Mee grad bei engem Personnage wéi dem Trump muss ee sech d'Fro stellen, ob een alles ongefiltert weider soll ginn.
Zum Beispill d'Menace, datt d'USA deemno wéi aus der NATO austriede kéinten. Zur Wouerecht gehéiert, datt de Kongress am Dezember 2023 ee Gesetz ugeholl huet, dat esou ee Schratt quasi onméiglech mécht. Entweder muss de Senat mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit zoustëmmen oder dee ganze Kongress, also Senat a Representantenhaus, per Gesetz. Am Senat hunn d'Republikaner awer just 53 vun 100 Sëtz, also wäit vun enger Zwee-Drëttel-Majoritéit ewech. An am Representantenhaus sinn et 219 vu 435 Sëtz, iwwert een, deen am Moment vakant ass, gëtt am Abrëll nach eng Kéier ofgestëmmt. Vun deenen 219 Deputéiert dierft zimmlech sécher méi wéi 1 géint een NATO-Austrëtt sinn. Datt d'USA also zum Beispill einfach aus der NATO austrieden, wann net all Memberstaat 5 Prozent vu sengem PIB an d'Defense investéiert, ass extrem onrealistesch. Hei wier et besser, d'Ausso vum Donald Trump direkt mat Zousazinformatiounen ze kontextualiséieren wéi ze kucken, se méiglechst séier ze publizéieren. Anescht besteet nämlech d'Gefor, datt et de Leit ëmmer méi schwéier fält tëscht Aussoen, déi op mannst zum Deel ee seriöe Fong hunn an deenen, déi just gemaach ginn, fir bei den eegene Supporter gutt unzekommen, ze ënnerscheeden.
Ma net just d'Journalisten, och d'Politiker, virop aus europäesche Länner, géinge gutt dorunner doen, net direkt op all Ausso vum Donald Trump ze reagéieren. Dee fillt sech dann nämlech éischter doranner bestätegt, datt e seng Ziler mat provokanten Äusserungen erreecht. Méi zilféierend si Gespréicher hannert zouenen Dieren, bei deenen dann awer och Kloertext geschwat gëtt. Ee Beispill dofir waren d'Verhandlungen tëscht dem deemolegen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an dem deemolege President Trump am Kader vum Handelssträit tëscht der EU an den USA am Joer 2018. Um Enn stoung een "Deal", wéi de Jean-Claude Juncker et ausgedréckt hat an den Donald Trump huet de Lëtzebuerger "tough" an "nasty" genannt, woubäi béides an dësem Fall als Kompliment ze verstoen ass.
Egal wéi Medien a Politiker mam Donald Trump sengen Aussoen ëmgoe wäerten, wann déi geopolitesch Situatioun och nëmme bëssi sou bleift wéi déi lescht Joren, dierft een an Zukunft vum US-President genuch héieren. An dowéinst ee Verspriechen: Vu mir gëtt et op d'mannst dëst Joer kee Commentaire méi zum Donald Trump. Also et sief, e wéilt d'Éislek zu US-Territoire deklaréieren.