Eng Justiz méi no beim Bierger

D'Erwaardunge vu méi Transparenz bei der Justiz sinn u sech mat der néideger Diskretioun bei Enquêten ënnert een Hutt ze kréien. Dat fënnt d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire.
Fir eng demokratesch Gesellschaft ass d’Vertraue vum Bierger an d’Justiz e fundamentale Pilier vum Rechtsstaat. E Vertrauen, wat awer just kann do sinn, wann d’Justiz transparent agéiert an Decisioune fir d’Ëffentlechkeet verständlech sinn.
Duerch eng schlecht Kommunikatioun entsteet d’Gefor vu Spekulatiounen, Mësstrauen an am schlëmmste Fall e Verloscht vum Vertrauen an d’Rechtsstaatlechkeet. Transparenz bedeit an dësem Fall natierlech net sensibel Informatioune matzedeelen oder Ermëttlungen ze behënneren, déi amgaange sinn. Vill méi geet et dorëm, duerch kloer a verständlech Erklärungen, Communiquéen un d’Press an ëffentlech Rapporten d’Aarbecht vun der Justiz novollzéibar an transparent ze maachen.
Dat ass nämlech hei am Land dacks net esou. An ech kann iech Beispiller ginn…
Do hu mer d’Affaire-Caritas, wou d’Kommunikatioun zu ëmmer méi Konfusioun gefouert huet, duerch d’Erklärung, dass et sech warscheinlech géing ëm de Presidententrick handelen. Wéi den Terme bei dat passt, wat passéiert ass, bleift deels schleierhaft. Esou ass et och an der Affär gaangen, wou et ëm Uschëllegunge vun Infraktiounen "à caractère sexuel" ënner Leit vum Theatergrupp Namasté vum Escher Lycée Hubert Clement geet. De Communiqué huet ganz vill Loft a Raum fir Spekulatioune gelooss. Kuerz drop ware weider Prezisiounen néideg ginn. Da kann ee sech nach u Fäll erënneren, wéi e Kand um Knuedler vun enger Eisstatue erschlo ginn ass, oder eng Persoun op der Gare duerch en Hond vun engem Sécherheetsbeamte gebass gi war. Net e Procureur oder e Spriecher vum Geriicht huet do eng Pressekonferenz aberuff, mee d’Stater Buergermeeschtesch.
Wat zu Lëtzebuerg net geschitt, geet an den Nopeschlänner duerchaus. Bei engem Prozess vun enger Affär, wou zu Treier e Mann mat sengem Auto duerch d’Foussgängerzon gefuer war, stoungen dono souwuel de Porte Parole vum Parquet, wéi och de Procureur virum Mikro fir Erklärungen ze ginn. Hei am Land kréie Journaliste just d’Affekote virun de Mikro, déi den Interêt vun hirem Client vertrieden. D’Stëmm vun engem onofhängegen an neutrale Procureur bleift fir d’Leit net ze héieren. Firwat am Fong? Wann e Prozess jo awer ëffentlech ass?
An Zäite vu Falschinformatiounen an engem Mësstraue géigeniwwer vun Institutioune wat an d’Luucht geet, ass et méi wichteg wéi jee, dass d’Justiz proaktiv iwwer hir Aufgaben, hir Decisiounen an hir Grenzen informéiert.
Eng oppe Kommunikatioun suergt fir méi Vertraue vun de Bierger an de Rechtsstaat. Wa kann novollzu ginn, firwat eenzel Decisiounen esou geholl gi sinn, wéi se geholl gi sinn. Wisou verschidden Informatioune matgedeelt ginn, a firwat verschiddener net. Dëst verhënnert d’Entstoe vu Verschwierungstheorien a net justifiéierter Kritik, déi verschidde Populiste gäre fir hir Zwecker ausnotzen.
Dofir sollt d’Justiz, besonnesch de Parquet, en Effort maachen, fir der Bierger en Abléck an hir Aarbecht ze ginn. Transparenz ass keng Schwächt, mee eng essentiel Konditioun fir eng lieweg Demokratie.
D’Justiz sollt dëser Responsabilitéit gerecht ginn an aktiv zu der Informatioun vun de Bierger bäidroen – am Interêt vum Rechtsstaat an zum Wuel vun der Gesellschaft.