"Make America unwoke again"

Den Donald Trump wëll just nach zwee Geschlechter unerkennen: Mann a Fra. Staatlech Diversitéitsprogrammer sollen ofgeschaaft ginn. D’Beamten, déi do schaffen, ginn an den Zwangscongé geschéckt. Hëllefe fir queer Mënschen, Schwaarzer, Mënsche mat enger Behënnerung a fir Frae ginn also gekierzt, wäiss Männer gi gefërdert. Dozou e Commentaire vum Carine Lemmer.
Den Donald Trump hat schonn am Walkampf géint d’Ënnerstëtzung vu Fraen a Minoritéite gewiedert an argumentéiert, wäiss Mënsche géifen diskriminéiert ginn, virun allem Männer. Domadder soll elo Schluss sinn. Schluss mam “Wokeness-Wansinn”, freet sech och den ADR-Deputéierten Tom Weidig op Facebook. An Europa missten déi Woke-Aktivisten, déi de Staat ënnerwanderen, och entlooss ginn, mengt hien.
Gutt Usätz riskéieren iwwer d’Zil eraus ze schéissen
“Woke” ass d’Vergaangenheetsform vum englesche Verb “to wake up” a steet fir wakereg, wachsam si géintiwwer Diskriminéierung a Mëssstänn. Eigentlech eppes Positives, well déi Diskriminéierunge gëtt et. Mä aus deem positiven Usaz ass fir vill Leit eppes Verbassenes an Iwwerdriwwenes ginn: moraliséierende Perfektionismus. Gutt Usätz riskéieren heiansdo iwwer d’Zil eraus ze schéissen, wann ze vill oder ze séier eppes gefuerdert gëtt. Ouni datt d’Leit matgeholl ginn a genuch erkläert gëtt. Dacks ass et awer och einfach schlechte Wëllen.
Biologesch ginn et just zwee Geschlechter, mä dat hëlleft net am Ëmgang mat der Realitéit. Zwee Geschlechter – männlech a weiblech – soll et also just nach an den USA ginn. De Begrëff "Gender" soll net méi gebraucht ginn. Dat fanne warscheinlech vill Leit besser. Mä et entsprécht awer net der Realitéit. Biologesch gesi ginn et zwar just männlech a weiblech Geschlechtscharakteristiken, mä et ginn déi kierperlech Variatiounen. Et ginn inter- oder transsexuell Mënschen, fir just déi ze nennen. Déi Variante maache muncher een iwwerfuerderen, mä fir déi Concernéiert ass et kloer e Réckschrëtt, wann an den USA den "X" nieft Mann a Fra verschwënnt.
"Selwer schold?"
"Si sinn dach selwer Schold. Et gouf iwwerdriwwen, jidderee war op eemol iergendeppes", gëtt da gäre vun den Gender-Kritiker gesot. Dat "Täter-Affer-Ëmdréien" ass awer geféierlech. Bestëmmt gouf och iwwerdriwwen, mä dann alles a Fro ze stellen a lächerlech ze maachen, ass genausou falsch.
Genderen suergt zouverlässeg fir Opreegung
Kloer ass awer och, datt bei der Geschlechterfro a speziell beim sproochlechen Genderen d’Gemidder sech zouverlässeg erhëtzen. Den Gender-Stärchen zum Beispill reegt vill Leit schrecklech op. D‘Arméi huet elo am Januar de „Rekrutt*innen“ (mat Stärchen) felicitéiert an zouverlässeg koum d’Opreegung op de Soziale Medien. Op d’ADR an den Tom Weidig ass Verlooss. A sécher kann een och sinn, datt vu riets nach gäre Wieder wéi "Wansinn", "Virus", "Gaga" oder "Terror" an d’Diskussioun geworf ginn. Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet kommentéiert: Leit, déi Gender-Sprooch benotzen, si Loser.
Frae solle méi siichtbar gemaach ginn
Ech wäert déi Roserei an Opreegung, wat Gender an genderen ugeet, ni verstoen. D’Sprooch ass en Deel vun eiser Identitéit an eppes Emotionales. Et geet awer och ëm d’Angscht vu konservative Gruppen ëm Muechtverloscht, dat soen net eleng ech, mä vill Wëssenschaftler. Frae solle méi siichtbar gemaach ginn. Genderen irritéiert villäicht, mä et huet zum Beispill Auswierkungen op d’Beruffswal. Et ass natierlech méi einfach, iwwer Gender an Genderen ze schwätzen a sech opzereegen, wéi iwwer d’Ongläichheeten.