Et ass nees een neien Ament am Dossier Nordstad: d'Gemeng Bettenduerf wëllt vun deenen anere véier Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren wëssen, ob si weider un enger Fusioun zu 5 interesséiert sinn.

De Bettenduerfer Conseil hat d'lescht Joer eigentlech decidéiert, sech aus de Gespréicher zeréckzezéien, ma well an engem Referendum e Sonndeg d'Majoritéit vun de Leit fir Verhandlunge gestëmmt huet, geet een elo rëm op déi aner duer a proposéiert Gespréicher. Dobäi hoffen déi Bettenduerfer, datt d'Äntwert negativ ass a si sech endlech an där Afferroll erëmfannen, déi se schonn esou laang sichen, mengt op d'mannst de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Commentaire vum Marc Hoscheid

Eppes muss een de Membere vum Bettenduerfer Gemengerot loossen, fir hir Bierger huele se wierklech vill op sech. E Mëttwoch wëlle se ëmmerhi mat de Buergermeeschtere vun deenen anere véier Nordstadgemenge schwätzen. An dobäi sinn dat nu wierklech keng Gudder. Dat sinn nämlech d'Vertrieder vun deene béise Gemengen, déi si méintelaang, wat soll de Gäiz, jorelaang an den Eck gedréckt a vun uewen erof behandelt hunn.

Mee der Rei no. Am Ufank war nach den Inneministère dee Béisen. Den deemolege Bettenduerfer Gemengerot hat sech 2018 fir Fusiounsgespréicher ausgeschwat. No de Gemengewalen 2023 war d'Zesummesetzung vum Conseil eng aner an den Enthusiasmus a Saache Fusioun, soe mer mol, bëssi méi kleng. Blöd just, datt am Walkampf deels versprach gi war, datt een d'Leit iwwert eng Fusioun ofstëmme loosse wéilt. Do kann een natierlech schlecht einfach aus de Gespréicher erausklammen.

Wat maachen? Et knäppt een ee Jo zu Fusiounsverhandlungen einfach un onrealistesch Fuerderungen. Domadder ass de Statut vum Centre de développement et d'attraction national gemengt, deen der Gemeng ee gudde Krack méi Sue vum Staat brénge géing. Jidderengem, dee sech och nëmmen e bëssi mam Dossier beschäftegt huet, war vun Ufank u kloer, datt den Inneministère net op déi Fuerderung agoe géing. Esou koum et dann och an déi Bettenduerfer haten ee gudde Grond, sech verbruet aus de Gespréicher zeréckzezéien. Blöd just, datt d'Bierger do net all matspille wollten an eng Biergerinitiativ genuch Stëmme fir ee Referendum gesammelt hat.

Wat maachen? Déi potenziell Fusiounspartner kritiséieren a sech selwer als Affer duerstellen. Et wier ee vun den Aarbechtsgruppen iwwert eng Fusioun ausgeschloss ginn, soten déi zwee Schäffen, déi och soss net ganz vill Sënn an enger Fusioun gesinn. An de Buergermeeschter, dee jo am Fong sou iwwerzeegt vun enger Fusioun ass, sot näischt. Also op d'mannst bis déi aner véier Buergermeeschtere dogéint gehalen hunn. Do musst de Bettenduerfer Gemengepapp zouginn, datt ee sech vu sech aus zeréckgezunn hat. Mee dozou gouf ee jo quasi gezwongen, ëmmerhi gouf een dozou gedréckt, eng Gemengerotssëtzung an der Grousser Vakanz ofzehalen. Richteg héieren, an der Grousser Vakanz! Dat ass virun allem engem Schäfferot, deem seng dräi Memberen am Beräich vun der Educatioun schaffen, net zouzemudden. Blöd just, datt ee lo vun der Majoritéit vun de Bierger opgefuerdert gouf, rëm mat deene Leit ze schwätzen.

Wat maachen? De Ball weiderspillen a froen, ob déi dann iwwerhaapt nach mat engem schwätze wëllen. Déi wëllen dat am Fong net, dat wëssen déi Bettenduerfer. Mee nach manner wëllen déi aner, datt d'Bettenduerfer Majoritéit sech endlech an hir Afferroll flüchte kann. Si wäerten also wuel kaum soen, datt de Bettenduerfer Gemengerot keen zouverlässege Partner méi ass, einfach opstoen a goen. Par contre kënnen, Nee mussen déi aner lo ee ganz enke Kader setzen. Déi Bettenduerfer wëllen, ganz am Sënn vun der Transparenz versteet sech, ee Rapport iwwert d'Sëtzung vum nächste Mëttwoch ëffentlech maachen. Dat ass dach eng gutt Iddi fir déi zukünfteg Fusiounsgespréicher, iwwert all Sëtzung vun de Schäfferéit gëtt ee Rapport geschriwwen, deen um Site vun der Nordstad publizéiert gëtt. Déi kënne jo dann am Virfeld vum Referendum 2027 op enger Marathon-Infoversammlung vum Bettenduerfer Schäfferot Wuert fir Wuert virgelies ginn. An zum Schluss nach een Tipp un d'Häre Gleis, Steichen, Weiler an Zeimes: D'Gedanke sinn zum Gléck fräi a geheim, e Mëttwoch kënnt der also op d'mannst heiansdo denken: Gemengerot Bettenduerf, du nervs!