Zollchaos an Handelskrich

D’EU a China haten op dat amerikanescht Freedefeier vu Stroftaxe reagéiert, China däitlech méi kräfteg wéi d’Europäesch Unioun. Wéi eng Approche ass besser? Eng Verhandlungsbasis muss bleiwen, mengt d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.
Weltpolitik ass Interessepolitik. Den US-Handelskrich mat China ass weider eskaléiert. Den Donald Trump huet d’Taxen op chineesesch Importer op 125 Prozent gehéicht. Fir déi aner Länner gëllt awer mol eng Paus vun 90 Deeg. Dat ka sech awer nees zu all Moment änneren. Den Trump ass onberechenbar.
Wéi geet ee mat esou engem wéi dem Trump a mat senge Stroftaxen ëm? Iwwertrompen? Oder “trumpen” an dësem Fall. Oder aussëtzen a waarden, wat geschitt?
China reagéiert mat “Auge um Auge, Zahn um Zahn”. China huet net genuch Respekt a gëtt extra bestrooft, beklot sech den Trump. Fakt ass, d’Weltwirtschaft ass den Ament op der Kopp. Et ännert vun Dag zu Dag a souguer vu Stonn zu Stonn. Dat alles ass net méi ze verstoen.
Verhandlungsbasis besser wéi Moralapostel
D’EU ass méi zaghaft oder méi reflektéiert an hat fir d'éischt mol just op d’Stroftaxen op Stol an Aluminium reagéiert. D’EU, dat sinn och 27 Länner, an et muss geschlosse mat enger Stëmm geschwat ginn, och wann et verschidden Interête gëtt. Den amerikanesche Whiskey krut awer keng Stroftax, fir datt Schampes an europäesche Wäin och keng kréien. Frankräich an Italien hu sech dofir agesat. D’Giorgia Meloni, déi sech jo besser mam Trump versteet, wëll d’nächst Woch an d’USA reesen.
2018 hat de Jean-Claude Juncker mat Succès mam Trump iwwer Stroftaxe verhandelt - mat Kuss uewendrop. Virun engem Mount hat den Emmanuel Macron probéiert, d’“Bromance“ mam Trump nees opliewen ze loossen, mat dem Trump op de Knéi schloen a sech vreckt laachen, an an engems him Géigeried ze ginn. Dat "Ubiederen" oder Hunneg ëm de Mond schmieren, oder wéi een et och ëmmer wëll nennen, muss een net gutt fannen, mä wann et e Resultat bréngt, ass et besser, wéi stuer als Moralapostel op sengem Recht ze bestoen.
Huet den Donald Trump Recht mat senger Kritik un der weltwäiter Handelspolitik?
Ee grousse Kritikpunkt ass jo, datt Europa net genuch amerikanesch Autoe keeft, well do 10 Prozent Stroftaxen drop sinn. Méi richteg ass awer, datt US-Constructeure fir den europäesche Besoin ze grouss Autoe bauen, déi ze vill Sprit brauchen. Och sinn d’EU-Bierger zum Beispill méi kriddeleg wat Hormoner an hirem Iessen ugeet.
Wat d’Positioun vu China ugeet, do kann een dem Trump schonn éischter Recht ginn. China gouf als Entwécklungsland an d’Welthandelsorganisatioun WTO opgeholl an huet dee Statut nach ëmmer, obwuel et eng Welt-Handelsmuecht ass. Där Pist kéint een also nogoen.
Datt den Donald Trump der Globaliséierung an dem Fräihandel de Réck dréint, ass net gutt fir keen. Wat e genee bezweckt, weess kee sou sécher. Derbäi kënnt, datt d’Gewiichtung vun de Stroftaxen net ze verstoen ass. D’Formel fir déi fiktiv Stroftaxen a besonnesch d’Inzenéierung vum Trump suerge méi fir Kapprëselen a manner fir Versteesdemech. Taiwan, den Alliéierte vun den USA, gouf am éischte Coup mat 32 Prozent kaum besser behandelt wéi China an d’Falkland-Inselen, déi just Moulen a Fësch exportéieren, kréien och eng Tax vun 41 Prozent. Inselen an der Antarktis, wou kee wunnt ausser Pinguinen a Robben, krute Stroftaxen opgebrummt. Anscheinend e Feeler bei enger Adress.
Et ass grotesk an deemno eigentlech fir ze laachen. Eng Witzfigur ass den Trump allerdéngs scho laang net méi.