D'LUGA ass zanter leschter Woch offiziell op. Déi grouss urban Gaardenausstellung soll nohalteg an ekologesch sinn, sou gouf d'Expo ënner fräiem Himmel op d'mannst vun Ufank u vermaart a verkaf. Ma wéi nohalteg kann en temporäert Evenement iwwerhaapt sinn, freet sech d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

D'Lëscht un Installatiounen, Wierker a Projeten, souwuel an der Stad Lëtzebuerg wéi och an der Nordstad, ass laang. Déi grouss Ouverturen déi lescht Woch hu gewisen, datt den Interessi grouss ass a vill Leit unzitt.

Eng gréng Visioun ouni Wuerzelen - Commentaire vum Kollwelter

Mat engem Budget vun ëmmerhin 23,4 Milliounen Euro an iwwer 1.000 Partner, déi involvéiert sinn, ass d'Envergure vun der LUGA jo och net déi klengst. Ëmsou méi bedauerlech, datt a 6 Méint scho rëm Schluss domat ass. Wann ee weess, datt de Gros vun den Installatiounen no der Ausstellung am Oktober erëm ofgerappt ginn, kann een dann iwwerhaapt vun Nohaltegkeet schwätzen?

D'Materialie sollen erëm recycléiert, d'Beem a Blummen ëmgeplanzt ginn, fir esou mann wéi méiglech Offall ze kreéieren. Stéchwuert "Kreeslafwirtschaft". Wat genee dono allerdéngs wéi, wou an a wéi enger Form erëm benotzt gëtt, gëtt een dacks net gewuer, ass vläicht och nach guer net wierklech gewosst. Plazen, déi an de leschte Méint a Wochen am Kader vun der LUGA begréngt goufen, verléiere vun Oktober un dann erëm u Faarf. Net just schued fir d'Plazen, déi duerch déi Projeten en Valeur gesat goufen a fir d'Leit, déi eng méi lieweg a méi gréng Stad offréiert kréien, mee virun allem kontradiktoresch zu enger Ausstellung, déi sech nohalteg nennt.

An dobäi stellt sech fir mech d'Fro, wisou de Volet vun der Nohaltegkeet net scho bei der Planung vu sou risegen Evenementer an Investitiounen éischt Prioritéit ass? Wisou ass net just op Projete gesat ginn, déi och no 6 Méint nach am ëffentleche Raum hir Plaz hunn an domat feste Bestanddeel vun der urbaner Landschaft zu Lëtzebuerg ginn a virun allem bleiwen. Projeten, déi net forcement permanenten Ënnerhalt verlaangen, well och dat kascht Zäit a Personal, mee déi sech ganz natierlech an der Natur entwéckelen.

Oder vläicht och Projeten, déi spéider vun Associatiounen oder Schoulen iwwerholl an ënnerhale ginn an esou zu edukativen Zwecker déngen. Wann de Gros vun deem, wat fir d'LUGA opgebaut, geplanzt oder kreéiert gouf am Oktober tatsächlech verschwënnt, da kann ee leider just vun engem temporären Evenement schwätzen, dat sech no bausse gréng gëtt, dat fir puer Méint a voller Bléi steet, bei deem awer net dru geduecht gouf, Wuerzelen ze schloen. E grousst, faarwegt an ambitiéist Event iwwer 6 Méint, wat sech a mengen Aen net duerch d'Unzuel u Visiteure moossen dierft, mee villméi dorun, wat dono dovun iwwreg bleift.