Bal 600 Leit huet déi däitsch Bundespolizei Stand lescht Woch um Grenzkontrollpunkt hannert Tréier zeréckgewisen.

Zanter dem 7. Mee dierfen och keng Asyldemandeure méi an Däitschland areesen - ausser se gehéieren zu de vulnerabele Gruppen, also Fraen, déi erwaarden oder Kanner, déi eleng reesen. D‘Anne Wolff fënnt a sengem Commentaire, dass déi Symbolpolitik op d‘Käschte vun europäesche Wäerter geet an och Lëtzebuerg sech hannerfroe muss.

Zeréckgewisen - en techneschen Terme, dat kléngt no enger koordinéierter Prozedur. An der Praxis heescht dat awer: Déi concernéiert Leit ginn op der Grenz gestoppt, mat op de Policebüro geholl, an déi Lëtzebuerger Beamte ginn der däitscher Police no informéiert, dass d‘Bundespolizei d‘Flüchtlingen nees zeréck op Lëtzebuerg schéckt. Well d‘Lëtzebuerger déi Leit net en charge huele mussen an dat och net maachen, gi se dann op Waasserbilligerbrück bruecht an do zu Fouss iwwert d‘Grenz geschéckt. Dat ass mënschenonwierdeg, souwuel vun der däitscher wéi och vun der Lëtzebuerger Säit. Wat déi Betraffen dann um Enn vun der Bréck maachen, weess kee sécher - ma héchstwarscheinlech d’Kéier, esou bal déi däitsch Poliziste fort sinn. Änlech Zeene spillen sech aktuell un all den däitsche Baussegrenzen of.

Dass déi Zréckweisungen an den däitschen Alleingang symbolpolitesch Mesurë sinn, war scho virun de Wale kloer a gouf och esou annoncéiert. Dass Däitschland elo och Asyldemandeuren ofweist, argumentéiert den Noper domat, dass déi jo dann aus engem sécheren Drëttland areese wéilten. Aktuell gëtt awer diskutéiert, ob Däitschland domat géint EU-Recht verstéisst, géint d’Dublin Prozedur. Déi soll d’Zoustännegkeet vun de Staate reegelen. Ma fir dass d’Demande vun den Asyldemandeure ka gepréift ginn, musse se kënnen op d'mannst temporär areesen.

Dass déi Prozedur net gutt funktionéiert, ass kloer. Vill Länner si vläicht grad esou frou, wann d’Migrante viru reese bei den Noper. Aus där Perspektiv ass et novollzéibar , firwat Däitschland, wéi vill aner europäesch Länner och, d‘Migratioun limitéiere wëllt.

Trotzdeem ass et héich problematesch, dass Däitschland iwwert déi juristesch Froen eraus mat dëse fixe Kontrolle géint ee vun de Kärprinzipien vun der EU verstéisst -  an zwar dee vun den oppene Grenzen.

Eng Regulatioun respektiv Limitatioun vun der Migratioun muss, wa gewollt,  un de Baussegrenze gemaach ginn, als koordinéiert Decisioun tëscht alleguer den EU-Staaten. Dat soll mat der neier EU-Asyl-Reform jo och geschéien.

Alles anescht belaascht d‘Relatioun zu den Noperen a fragiliséiert d‘europäesch Solidaritéitsgemeinschaft an der Migratiounsfro weider.

Lëtzebuerg muss sech dowéinst verstäerkt géint déi däitsch Grenzkontrollen am Alleingang asetzen. Zwar ass een am Dialog; an och zu Bréissel huet ee sech ewell beschwéiert, ma Berlin wëllt et wéi et ausgesäit drop ukomme loossen.

Donieft muss awer och de Grand-Duché sech froen, ob et mënschlech ubruecht ass, déi zeréckgewise Flüchtlingen op der Bréck tëscht de widderspréchlechen zwee Still am Dreck sëtzen ze loossen.