Bei de Parlamentswalen a Portugal huet déi rietspopulistesch Partei "Chega” sech schonn esou gutt wéi als zweet Muecht etabléiert. Ee Riets-Ruck kann een et net méi nennen, wuel éischter eng Invasioun, mengt d'Rosa Clemente.

De Commentaire vum Rosa Clemente

Et kléngt wéi ee schlechte Witz, ass et awer net. 48 Joer laang war Portugal ënnert enger Diktatur. 51 Joer ass et hier, datt d'Nelken-Revolutioun d'Demokratie am Land nees hiergestallt huet. An elo kënnt eng antidemokratesch, rassistesch-veranlaagt Partei a kickt ganz héchstwarscheinlech d'Sozialiste vun der zweeter Plaz am Parlament. Hunn d'Portugisen hir Vergaangenheet vergiess?

Datt d'Mëtt-riets Partei-Allianz “AD” d’Wale gewonnen huet, an d'Sozialisten 19 Sëtz verluer hunn, iwwerrascht déi mannsten. Portugal ass zënter 2022 an enger politescher Kris. Mëttlerweil sinn et déi drëtt Walen. E stännege Wiessel tëscht Mëtt-riets a Mëtt-lénks.

Et ass awer erschreckend, wéi däischter d'Wollek ass, déi lues awer sécher iwwert d'Land zitt. Eng Partei, déi eréischt 2019 gegrënnt gouf, an deenen hir Memberen – virop de Leader André Ventura - ëmmer nees fir kontrovers Aussoe suergen, kritt méi wéi 1,3 Millioune Stëmmen. Eng Partei, vun där op d'mannst 23 vun den 58 Deputéierte scho Problemer mat der Justiz haten, gëtt vu knapp engem Véierel vun der Wielerschaft gewielt.

Mee hey, schlëmmer geet ëmmer. Fir d'Walresultater ofzeschléissen, waart Portugal den Ament nach op d'Votten aus dem Ausland. Véier Sëtz am Parlament sinn nach fräi. 1,5 Milliounen ausgewandert Portugisen, a potentiell Wieler, wäerte bis den 28. Mee de Gläichstand vun 58 Sëtz tëscht “Chega” a de Sozialisten opléisen - a soumat endgülteg definéieren, wien déi zweetgréisste Partei am Land gëtt.

Ma d'Tendenz ass leider esou traureg wéi kloer: D'Portugisen, déi am Ausland liewen, wiele gäre riets. Esou richteg riets. Ee Beispill? Bei den Nei-Walen zejoert ware méi wéi 20% vun de Votten aus Lëtzebuerg fir "Chega". D'AD krut dogéint just 14 Prozent, d'Sozialisten 13. Europawäit waren d'Resultater identesch. De Gros vun de Portugisen am Ausland ass also der Meenung, datt eng Partei, déi ganz ëffentlech géint Auslänner a Minoritéite Politik mécht, méi Muecht verdéngt. Klengt dach paradox, oder?

Ass et politesch Amnesie? Ass et Frust? Revanche? Als Migrante-Kand kann ech et einfach net novollzéien. An als Mënsch mat gesondem Mënscheverstand, wëll ech net verstoen, wéi een engem Populist, dee keng Fakte kennt a nennt, an alles just verdréit, Vertraue ka schenken. Fir mech hunn d’Wieler den Ament een Zil: den zentrale Block, deen zënter méi wéi 40 Joer d'Land guidéiert, ze stierzen. Plaz maache fir Neies, och wann et extrem ass. Déi rout Oeillete, déi verblatze leider. Et ass eng Revolutioun, de verkéierte Wee!

Als Lëtzebuerger Journalistin, déi och dohannen doheem ass, bleift mir éierlech gesot just ee klengen Trouscht. Wann déi Rietsextrem iergendwann dach déi politesch Iwwerhand a Portugal iwwerhuelen – dann ass hire Premier wéinstens net och den zoustännege Medieminister am Land. Well da wiere fir meng Kolleegen dohannen, d'Zensur a Propaganda wuel virprogramméiert.

Ass dat net och ee klengen Denkustouss och fir Lëtzebuerg? Ech loossen dat einfach mol esou am Raum stoen. Wat géif et da fir d'Mediewelt hei am Land bedeiten, wann den nächste Premier vun der ADR wier?