D‘NATO follegt dem US-President Trump. D‘Memberstaaten hunn um Sommet zu Den Haag formell festgehalen, dass fënnef Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung a Verdeedegung a Sécherheet investéiert ginn.

En Erfolleg, well den Donald Trump huet d‘Dier net geklaakt an och – ausser d‘Press – kee beleidegt . Mä de Pierre Jans warnt a sengem Tëscheruff virdrun, dem Trump ze gleewen, hie stéing „voll a ganz“ hannert der NATO.
 
Soll den Donald Trump alt wëssen, dass eng ganz Rei Memberlänner schonn am Gaange waren, d‘5-Prozent-vum-PIB-Zil ze verwässeren, wou hie sech op senger Pressekonferenz nach op d‘Schëller geklappt huet, dass hien eleng d‘NATO waakreg gerëselt huet an elo déi aner endlech méi blechen?
Vläicht wär et ëm egal. Haaptsaach hie steet bei senge Leit haut als Gewënner do. En ass awer vläicht och nach beniwwelt vun der memorabeler Charmeoffensiv.

Well wat huet virun allem den NATO-Generalsekretär Mark Rutte sech e Been ausgerappt, fir dem US-President senge Launen gerecht ze ginn! Méintelaang gouf dee Sommet preparéiert an de Protokoll op d‘Mooss geschneidert fir den Trump. Esouguer ewéi e Kinnek huet den Donald dierfe schlofen. Dobäi koumen Dosende Komplimenter esou bëlleg, dass engem schlecht konnt ginn. Esouguer wéi den President Journalistinnen a Journaliste vun den US-Medien New York Times a CNN als „béis Leit“ a „Fake News“ beleidegt huet, stoung de Mark Rutte niewendrun an huet geschmunzelt iwwer dee makaberen Humor. En huet sech selwer komplett vergiess, fir eppes ze verhënneren: dass iergendeppes net nom Gusto vum Trump kéint sinn, an deen der NATO motzeg de Réck dréint.

Dat war d‘Haaptmissioun, déi och reusséiert ass, huet de Lëtzebuerger Ausseminister no der Reunioun ganz oppen zouginn. Souguer de Xavier Bettel, dee jo - bei allem Respekt – selwer gären Politik mat enger gudder Portioun Charme mécht, huet d‘Geschläims dem US-amerikanesche President géintiwwer zimmlech penibel fonnt.

Leider hat een um NATO-Sommet d‘Impressioun, dass een dovu schwätzt, fir vill méi Geld an de Grapp ze huelen, manner fir sech géint eng anscheinend imminent russesch Menace ze protegéieren, mä méi fir de Mann am Wäissen Haus roueg ze stellen – an der Hoffnung, dass deen awer nach op eis oppasst.
Wann een de Geheimdéngschter da gleeft, déi dem Mark Rutte no dovun ausginn, dass Russland an dräi, fënnef, oder siwe Joer en NATO-Land kéint attackéieren, dann ass et net ze verstoen, dass e puer Memberstaaten schonn no de beschte Schlupflächer sichen. Si wëllen zwar méi ausginn fir d‘Defense, loosse mer soe souguer vill méi, fir méi onofhängeg vun den USA ze ginn, jo. Mä reng militäresch wëllen déi Mannst de Begrëff Defense definéieren. Éischter am Sënn vu Resilienz. Da loosse sech och nei Brécken oder de meteorologeschen Service am Budgetsposten Defense verbuchen.

Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden seet ganz oppen, dass ee misst kucken, dass d‘Leit doheem déi héich Depensen net ze vill spieren, dass hien dat mat de fënnef Prozent a mam Datum 2035 net ze enk gesäit, déi aner Länner géifen dat och net iwwerstierzen, et misst ekonomesch Sënn maachen, et wär eben e laange Wee.

E Wee, dee vun Den Haag aus elo awer anscheinend jiddereen nees eleng geet. Da bleiwen déi 5-Prozent en eidelt Verspriechen, eng Boule, déi geféierlech platze kann. Och den Donald Trump erkennt e Bluff.

Wéi een antëscht misst wëssen, brauch dësen US-President mol guer keen richtege Grond fir sech ëm ze decidéieren. Am Géigenzuch fir dee 5 Prozent Engagement huet den Donald Trump den Artikel 5 vun der NATO-Charta confirméiert. Mä wie weess, ob hien am Eeschtfall wierklech engem klengen Alliéierten an Europa militäresch zur Säit stéing? Keen. Scho guer net, wann dat Land d‘Schutzgeld net bezuelt huet. Fir de fréiere Geschäftsmann ass d‘NATO e Business. A senger Welt gëllen aner Reegelen ewéi déi mat deenen d‘NATO sech gegrënnt huet. Solidaritéit a sou. Ma Rutte, von der Leyen an déi 31 NATO-Staaten hu sech zu Den Haag um Trump säi Reegelwierk agelooss. Dat weist, dass si keen anere Choix haten.

Mat den 5 Prozent an dem Bauchgepinsels fir den Ami hu si sech Zäit kaaft. Wéi vill, ass schwéier soen. Hoffentlech rutsche si op der Schläimspuer net aus.