Wann d'Sozialronne bis elo eppes gewisen hunn, dann ass et wéi de Premier Luc Frieden sech selwer demontéiert. Dat mengt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Michèle Sinner

An dat direkt op méi Ebenen. Dem Luc Frieden säi Comeback an d’Politik virun de leschte Walen huet op senger am Team Luc veréierter quasi mythescher Kompetenz opgebaut. De Luc Frieden, den Harvard-Affekot, Paragraphen- an Zuele-Mënsch, deen eis wärend der Bankekris am Krisesitzungsmarathon all gerett huet. E Leader, e CEO quoi, sou gesäit hie sech jo selwer. Ma wéi vill Mythos a wéi vill Realitéit dat Bild alimentéieren, dat gëtt no annerhallwen Joer, an deenen de Luc Frieden um Rudder ass, ëmmer méi fraglech. An dat ass tatsächlech eleng säi Merite.

Den tëschenzäitlechen Héichpunkt vun dem Prozess waren d’Sozialronnen dës an d’lescht Woch, wou de Premier op bal alle Punkten huet missen zeréckrudderen, déi e mat senger rietsliberaler Regierung bis elo ugeléiert hat. No méintelaangem Wuertspill- an Hoerspleckerei huet e missen ëffentlech de Gewerkschaften exakt, mee exakt, déi Garantië ginn, déi de Georges Mischo de leschten Hierscht refuséiert hat. E gläichermoossen evitablen, wéi totale Gesiichtsverloscht. Bei der Sonndesaarbecht, geet an déi nämmlecht Richtung.

Bei de Pensiounen, wou d’CSV sech mat hirem Premier gäre profiléiert huet, als déi, déi sech als eenzeg trauen, déi waarm Gromper an de Grapp ze huelen, an elo de System laangfristeg géife retten, ass de Kommando: Vorwärts Kameraden, wir mussen zurück!

Och do mécht hien de Gewerkschafte Konzessiounen. Dat däerf hie gären. Mee dat Wendemanöver ass aus méi Ursaachen fragwürdeg. Éischtens, well d’Regierung sech awer net richteg schéngt ze trauen, wéi d’Gewerkschafte fuerderen, dofir ze suergen, datt konsequent nei Mëttel an d’Pensiounskeess kommen. Elo gesäit et aus, wéi wa weder bei den Depensë gekierzt, nach bei de Recettë soll vill augmentéiert ginn. Zweetens, well hie mat den neie Mesuren hannert déi geet, déi hien a seng Sozialversécherungsministerin schonn annoncéiert haten. Wouduerch hien, drëttens, net just sech selwer, mee d’Martine Deprez mat diskreditéiert. A véiertens, well vun der Ambitioun de System laangfristeg ofzesécheren, wann dat iwwerhaapt sou laang am Viraus ze plangen ass, näischt méi iwwreg ass. An et ausgesäit, wéi wann ee sech bis déi nächst Walechéance géing retten.

Vun den deplacéierte Witzer iwwer midd Gewerkschaftler mol ofgesinn, weisen d’Organisatioun an den Oflaf vun de Sozialronnen doriwwer eraus net just e seelen ausgepräägte Mangel u Verhandlungstalent a -strategie, mee och u Preparatioun. E lousse Premier, hätt de Sozialpartner kënnen direkt e puer Datume beienee ginn, dat hätt d’Dramatik an de Potenzial fir Leaks reduzéiert. En hätt och vläicht festgeluecht, op wéi eng Zort Accord en hischafft, guer keen, zu zwee, zu dräi. Et kann ee sech och froen, ob hien déi 160 Säiten Avis Wirtschafts- a Sozialrot iwwerflunn hat, déi d’Sozialpartner scho virun engem Joer geschriwwen hunn? De Luc Frieden huet si allerdéngs an der Reunioun gefrot, wat si dann esou géinge proposéieren a sech dann zwou Stonnen als Regierung an de Séparé zréckgezunn, fir an der Urgence eng eege Positioun auszeschaffen, déi dann an der Urgence ausgeschafft ass.

De ganze Chaos an Duercherneen hätt de Luc Frieden sech kënne spueren, wann e sech net d’office esou wäit Richtung Patronat aus der Fënster geluecht hätt, datt en net méi méiglech ass, an Dignitéit an ouni Blessen zeréck ze klammen. Ma wien hat en dat dann ugestallt?