
D’Annick Goerens stellt sech dofir haut am Commentaire d'Fro, wéi dat alles soll finanzéiert ginn.
Eis Wirtschaft dréint méi lues, wéi mer dat déi lescht Joerzéngte gewinnt waren. De Chômage a Jugendchômage klammen an am Privatsecteur ginn däitlech manner Leit agestallt. An anere Wierder: hei am Land gi manner Recettë generéiert, mee eis Ausgaben klammen.
Éischtens an der Defense, ob dat elo néideg ass oder net, doriwwer léisst sech streiden, mee si klammen däitlech. Den Trump fuerdert, d’NATO-Staate liwweren. Souveränitéit oblige.
Zweetens beim Staat. D'Aufgabe fir de Staat klammen. Et muss agestallt ginn, fir dass et weider rullt. Dat ass sécher. Mee an de leschten 10 Joer hunn d'Paien am ëffentlechen Secteur sech verduebelt a maache mëttlerweil een Drëttel vum Staatsbudget aus. 10 Milliarden Euro. D'Paie beim Staat klammen automatesch all Joer an d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP konnt trotzdeem bei allen Tariff-Verhandlungen däitlech Erhéijungen erausschloen. Dat all Kéiers ouni Konterpartie. Beim Staat gëtt nämlech weder d'Performance evaluéiert, nach virun d'Dier gesat, wann een absolut näischt leescht. Et gëtt een allerhéchstens an en aneren Service transferéiert. Et soll ee kengem Beamten eppes ewechhuelen. Mir brauchen jo och e staarke Staat a vill Leit, déi do schaffen, maachen eng gutt Aarbecht. Mee ëmmer weider Erhéijungen a Faveuren: dat muss definitiv ophalen. All Handwierksbetrib kann e Liddchen driwwer sangen: se bilden jonk Leit aus, déi dann sou séier wéi méiglech bei d’Gemeng oder de Staat wiesselen. Et ass eng Debatt déi einfach ni gefouert gëtt, Zitat vun de Politiker: "Mir solle kee Käil dreiwen tëscht Privatsecteur a Staat”. Dass de Käil längst dotëscht stécht, dovunner wëll keen eppes wëssen. Soubal d'Stéchwuert “Neid-Debatt” fält, sinn all rational Diskussiounen eriwwer.
Drëttens klammen eis Depensë Punkto Sozialausgaben. Pensiounen, virop déi aus dem ëffentleche Secteur maachen en décke Batz aus. D'Pensiounsreform ass eng Plooschter op een hëlzent Been. Och d'Gesondheetskeess schreift just nach rout Zuelen. Ëmmer weider Prestatiounen, ouni méi ze bezuelen, geet iergendwann net op.
Véiertens hu mer nach wäitaus méi Depensen: d'Steierreform wäert 1 Milliard Euro kaschten an och d'Mesuren, déi an der Tripartite decidéiert ginn, wäerte vill Geld kaschten.
Alles wichteg Ausgaben, kann een argumentéieren.
Mee: Wou bleiwen d’Recetten? Oder wou gëtt gespuert?
D'Wuert “Spueren” ass keng eng Kéier an der 35-Säite-laanger Ried vum Premier ze fannen. D’Fro stellt sech: wou wëll d'Regierung déi Suen dann elo siche goen?
Net just, dass mer also méi ausginn, mee de Luc Frieden seet och nach: “jiddereen huet haut méi Netto vum Brutto”. Spréch, dass mer jiddereen entlaaschten, wou awer definitiv net jiddereen et brauch. Et ginn genuch Leit an dësem Land, deenen geet et extrem gutt geet. An déi ginn net just duerch d'Steierreform nach méi entlaascht, mee och den Index spillt fir grouss Revenuen däitlech méi wéi fir déi Kleng.
Dobäi ginn et genuch Pisten, fir Suen ze generéieren an ëmzeverdeelen:
-de Spëtzesteiersaz kéint gehéicht ginn.
-d'Progression beim Steiersaz kéint eréischt méi spéit ufänken fir d’Mëttelschicht z’entlaaschten
-d'Kapital kéint méi besteiert ginn
Etc.
Mee d'Politik muss bereet sinn, onkamoud ze sinn. "Mateneen. Fireneen". Dat kléngt gutt. Mee Solidaritéit heescht net, jidderengem ëmmer méi ze ginn. Solidaritéit heescht virun allem, en nohaltege System ze finanzéieren, deen och nach funktionéiert, wann dës Regierung net méi um Rudder ass.