
"Et ass kloer, dass ech elo mol an der 2. Rei stinn". D’LSAP-Politikerin Paulette Lenert huet sech aus der aktiver nationaler Politik zréckgezunn. En Donneschdeg gouf si an de Staatsrot nominéiert no knapp 3 Joer Oppositioun. Eng kompetent a beléift Politikerin zitt sech zréck, ouni d'Geleeënheet ergraff ze hunn an der Chamber hire Profil ze schäerfen, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.
2020: Coronakris – déi frëschgebake Gesondheetsministesch Paulette Lenert war gefillt all Dag an de Medien – do muss ee scho bal déi beléiftste Politikerin am Land ginn. Esou kéint ee kommentéieren. Déi medial Omnipresenz huet sécherlech hiren Deel zu de Resultater an de Sondage bäigedroen. Et waren awer och déifgräifend, fräiheetsaschränkend Mesuren, déi decidéiert goufe, fir déi ëffentlech Gesondheet ze schützen. D'Paulette Lenert huet roueg, kompetent gewierkt, och am Kontrast mam deemolege Premier Xavier Bettel. Si huet zouginn, net all d'Äntwerten ze hunn an d'Leit net fir domm verkaf.
Beim Krisemanagement goufe Feeler gemaach, déi sech net verkläre loossen. No der Covidkris huet d'Paulette Lenert et dacks verpasst, hire Stempel opzedrécken. Ma si ass beléift bliwwen an huet bal missen LSAP-Spëtzekandidatin ginn. Am Walkampf konnt si sech als intelligent, nuancéiert Riednerin profiléieren, an esouwuel géint de joviale Xavier Bettel wéi géint de kale Luc Frieden ervirstiechen. Hiren elektorale Succès weist, dass d'Wieler nuancéiert Argumentatiounen appreciéieren, kompetent wierkend Krisemanager belounen, an een net muss op Populismus setzen, fir Opmierksamkeet a Stëmmen ze gewannen. Ma et ass net duergaange fir an d'Regierung.
D’Paulette Lenert ass haut kloer – an der Chamber an der Oppositioun ze sëtzen, war keen Deel vun hirem Plang. Si wier “e Mënsch vun der Exekutiv” . Dass si sech an hirer Roll an der Oppositioun net ganz wuel gefillt huet, huet een awer och gemierkt. Dobäi koume gesondheetlech Problemer. Richteg profiléiere konnt si sech net, et konnt een awer och kee präzise politesche Projet erkennen, fir dee si stoe géing.
Kritik, och aus den eegene Reien, dass si net genuch geschafft hätt, wëll déi fréier Ministesch net gëlle loossen. Ënnert anerem beim Logement wieren hir Iddien opgegraff ginn. Aner Themen hätte keen interesséiert, et wier net doriwwer beriicht ginn a si wéilt eben net mat Effekthascherei schaffen, wéi si dem Tageblatt géigeniwwer sot. Argumenter, déi awer net ganz iwwerzeegen. Et huet een d'Gefill, d'Paulette Lenert war an der Chamber ënnerfuerdert a krut awer och selwer keng Dynamik erabruecht. Eng vun enger kompetenter Persoun verpasste Geleeënheet, wichteg Dossieren aus der Oppositioun virunzedreiwen. Grënn dofir goufen et wuel, am Endeffekt ass d'Paulette Lenert als Oppositiounspolitikerin hannert hirem Potential bliwwen.
Ma och wann et an de leschten 3 Joer bedeitend méi roueg ëm d'LSAP-Politikerin ginn ass, bleift d'Paulette Lenert de Sondagen no fir d'Wieler d'Aushängeschëld vun hirer Partei. Eng Partei déi wuel mat dozou bäigedroen huet, dass si sech elo mol aus der éischter Rei zréckzitt. Ausschléisse wëll d'Paulette Lenert e Comeback 2028 nach net, och wann een net weess wat dat heescht. 2 Joer virun de Wale wäert hir Partei dann awer emol ouni si plange mussen - a schéngt nach net ugefaangen ze hunn.