Commentaire vum François AulnerBack to basics: Offer stäerken, fir Inflatioun ze bremsen

François Aulner
Op der Tripartite ass et tëscht de Sozialpartner an der Regierung bis ewell méi verséinlech gaangen ewéi an de leschten 2 Joer. Am Commentaire freet dat eise Journalist Fränz Aulner. Allerdéngs fënnt hien, datt et inhaltlech Denkfeeler ginn. Mat Staatsschold Kafkraaft finanzéieren an Demande stäerken, wann d'Offer zeréckgeet, ka kontraproduktiv sinn.
© RTL

De Reflex fir d'Kafkraft wëllen z'erhalen an d'Betriber z'ënnerstëtzen, ass absolut novollzéibar. Ewéi d'Zuele vum Statec weisen, sinn d'Revenue queesch duerch de Gaart vun de Quintillë méi geklommen ewéi d'Dwpensen. D'Ekonomie, déi wiisst aktuell am historesche Verglach manner, mee dat variéiert jee no Secteuren a Gréisst vun de Betriber. An awer soll de Staat elo intervenéieren an ewéi et bis elo geklongen huet, soll et nees kaschten, wat et kascht.

Et huet een am Géigesaz zur Finanzkris oder der Energiekris nom russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain nach näischt iwwer d'Ekonomien héieren. Weder a Punkto Energie, nach Geld. Mee hei vereinfacht wat den Ekonomist Milton Friedman sot: Wann de Staat méi Geld ausgëtt an d'Steieren erofsetzt, da bezilt net de Kleesche fir den Ënnerscheed, mee Dir alleguer ënner Form vun Inflatioun.

Datt Leit mat niddrege Revenuen a kleng Betriber mussen ënnert d'Äerm gegraff kréien, ass kloer. Mee selektiv. De Mindestloun ass en niddrege Revenu an dowéinst ass et legitim vun de Gewerkschaften do méi ze froen. Ëmsou méi, well de Logement net bezuelbar ass. Begréissenswäert ass, datt de Premier Luc Frieden dowéinst e Mëttwoch no der drëtter Reunioun eng Dier beim Mindestloun opgemaach huet a virun allem de Logement elo en Thema op der Tripartite ass.

Fair sinn wier, mol ze differenzéieren

Zanter méi ewéi 30 Joer seet d'Politik, datt d'Offer u bezuelbare Wunnenge muss méi grouss ginn an d'Gemenge méi agebonne ginn. Floskelen, déi richteg sinn, mee an der Realitéit gesäit een, datt de Géigendeel gemaach gëtt. Amplaz d'Offer z'ënnerstëtzen, goufen Normen iwwer Normen erfonnt, déi de Bau méi schwiereg a méi deier maachen. D'Gemenge behalen hir total Autonomie fir ze bestëmmen ewéi vill gebaut gëtt.

D'Haaptstad, mat 20% vun der Populatioun a 40% vun den Aarbechtsplazen huet déi gréisst Verantwortung, och fir d'Zersiddlung vum Land an den Trafic ze limitéieren, mee bremst d'Croissance a wiert sech géint Initiativen ewéi d'Besteierung vun eidele Wunnengen.

Deen Echec féiert dozou, datt d'Gewerkschaften net just fuerderen, datt de Mindestloun opgewäert gëtt, mee datt se och ondifferenzéiert verlaangen, datt de Steierbarème un d'Inflatioun ugepasst gëtt, wouduercher déi héisch Gehälter an absolutten Zuelen nees am meeschte géinge gewannen. D'Patrone froen zu Recht no méi Plaz, manner Drock op hir Margen, mee och ondifferenzéiert Steiererliichterungen, och fir déi, déi Rekordbeneficer maachen.

Bref: d'Regierungen, gedriwwen duerch Fuerderungen a Walterminer, stäerken ëmmer nees d'Demande, schwächen d'Offer u Wunnengen a maache méi Scholden. Léiwer Almose fir déi Schwaach an Drock op d'Betriber och fir nëmmen net der Silhouette vun der Stater Gemeng oder de Multiproprietäre wéizedoen. Wann eng Regierung sech wëll iwwert déi nächst Wale retten andeems se keng onpopulär Mesuren ënnerhëlt, da manövréiert se sech an déi Positioun no den nächste Walen. Well d'Loft gëtt ëmmer méi dënn.

Commentaire vum François Aulner

Back to Top
CIM LOGO