Commentaire vum Diana HoffmannLëtzebuerg a seng Frontaliere: E Bléck iwwert d'Grenzen eraus

Diana Hoffmann
Ekonomesch ass d'Groussregioun eng Realitéit. Politesch ass se e Miniatur-Puzzel ouni wierkleche Poids. Lëtzebuerg ass längst eng grenziwwergräifend Metropol ginn, dacks gëtt awer just reng national geduecht, fënnt d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire.
© RTL

Lëtzebuerg a seng Frontaliere: E Bléck iwwert d'Grenzen eraus / Diana Hoffmann

Iwwert d'Grenzen ewech ass d'Groussregioun an de leschte Joerzéngten ëmmer weider zesummegewuess: gewunnt gëtt déi aner Säit vun de Grenzen, geschafft am Grand-Duché. All Dag kommen iwwer 232.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen, bal d'Hallschent vun alle Salariéen.

Wat ekonomesch funktionéiert ass politesch net ëmmer gutt organiséiert. Administrativ gëtt dacks esou gemaach, wéi wann d'Länner hir Entwécklung kéinten onofhängeg plangen. Dass dat wierklech esou ass, kann een awer bezweifelen.

D'Bild vun enger grenziwwerschreidender Metropol ass hei passend. Et gouf an der rezenter Editioun vum Magasinn "forum", deen dem Sujet vun de Frontalieren dediéiert ass, gezeechent. De Räichtum gëtt am Grand-Duché geschaaft an de Groussdeel vun der Akommessteier vun de Frontaliere bleift hei. Natierlech och mat Benefisser fir d'Frontaliere vum Lëtzebuerger System, wéi d'Sécurité sociale oder de Chèques-services fir d'Kannerbetreiung.

An awer, och an de Peripherien, de Grenzgemengen, musse weiderhi Schoulen, Stroossen an Infrastrukture gebaut a finanzéiert ginn. All Iddi vu Kompensatioun oder enger Retrozessioun vu Steiere gëtt séier als Attack op déi national Souveränitéit vum Grand-Duché wouer geholl.

Dobäi wier esou e Modell keen europäescht Einhorn. Genève iwwerweist zanter Joren en Deel vun de Steierrecetten un déi franséisch Grenzregiounen. An och tëscht der Belsch a Lëtzebuerg existéiere schonn esou Mechanismen. Wann eng Wirtschaft grenziwwergräifend funktionéiert, mussen och d'Laaschten an d'Virdeeler gedeelt ginn.

Heibäi geet et awer net just ëm finanziell Froen. Lëtzebuerg deet sech ganz schwéier, seng Grouss-Regioun-Realitéit och politesch unzeerkennen. Zwar ginn et eng Partie Strukture wéi d'Grande Région, e Gruppement fir territorial Kooperatioun (GECT) oder Aarbechtsgruppen. Mee dës hunn nëmme minimale Pouvoir, well all Land virun allem seng eegen Interête verdeedegt an d'Decken op seng Säit zitt.

Aner Regioune sinn do alt schonn nees e Schratt méi wäit. Zu Basel schaffen d'Schwäiz, Frankräich an Däitschland bei Transport an Urbanismus enk zesummen. Och Genève huet akzeptéiert, dass eng integréiert Wirtschaft eng eenzeg Gouvernance brauch.

Genee do sollt Lëtzebuerg och hikommen. De Grand-Duché soll natierlech net fir alles bezuelen. Mee d'Grenzregioune gehéiere schonn haut zum lëtzebuergesche System a sinn net just extern Peripherien. Se just als Reservoir vu Salariéeën ouni Walrecht ze gesinn, schaaft politesch Frustratioun – an ass op Dauer och géint d'Interête vu Lëtzebuerg selwer.

Ouni bezuelbare Wunnraum, ouni performant Infrastrukturen an ouni eng gutt Liewensqualitéit an de Grenzregioune wäert och de Lëtzebuerger Modell un Attraktivitéit verléieren, an déi Erosioun ass amgaangen. Lëtzebuerg kann net ëmmer méi Frontaliere brauchen an an engems esou maachen, wéi wann d'Konsequenze vun deem Modell baussent senger Responsabilitéit géife leien.

Back to Top
CIM LOGO