De Commentaire vum Roy GrotzZesummen – am raue Wand ënnerwee

Roy Grotz
De Mëtteg krut d'Land eng Lektioun vum ieweschte Schoulmeeschter an et konnt engem scho bal de Kapp dréine vun de ville gudden Tuyauen, Paraphrasen an dokumentéierten Success-Storien, déi an der Chamber zerwéiert goufen.
© RTL

De Luc Frieden huet de Balance-Akt op der dënner Slackline vun der Politik probéiert a seng Linn vun der roueger Politik mat Häerz a Verstand duerch gezunn ... de Roy Grotz war dann och net weider iwwerrascht vun deem, wat hien de Mëtteg héieren huet ...

De Commentaire vum Roy Grotz

An dat natierlech just aus engem Grond - well ech mer genee dat doten erwaart hat: eng Ried iwwert den IST-Zoustand vum Land an dat huet de Luc Frieden geliwwert.

Net manner - awer sécher och net méi.

Lo kann ee streiden iwwert d'Biller an d'Beispiller, déi de Luc Frieden oder besser gesot seng Riedeschreiwer a Spin-Doktere gewielt hunn, fir d'Leeschtunge vun der schwaarz-bloer Ekipp ze beschreiwen, mee et ass eeben den Etat vun engem Land sou wéi et d'CSV-DP-Ekipp gesäit - Si stinn a fir eng Wuelstands- a Wellness-Politik, wou keng däischter Wolleke sollen d'Fräiheetssonn, déi mir sou laang gesinn, sollen verdecken.

Duerfir och iwwer Säiten a Säiten de Récit vun engem houfrege Chef, dee frou iwwert seng flott Ekipp a säin Team ass, dat och am raue Wand, dee lo bléist, d'MS Lëtzebuerg op Kurs hält. Dëst sinn seng eege Wierder ...

Wou den Equipage awer histeiert huet eeben de Wand am Grëff. An deem seng Richtung gëtt net heiheem, mee am Ausland bestëmmt - mee dat wësse si selwer, soen et awer net sou däitlech - iwwerhaapt sinn d'Non-diten am Luc Frieden senger Ried nach méi spannend, wéi dat wat gesot gouf, wëll dat krute mer jo ewell déi lescht Méint vun den eenzelne Ressortcheffen annoncéiert oder op Büne vun Foiren an Events virgedroen.

Déi awer, déi d'Schëff um Rullen halen - d'Fraen an d'Männer, déi d'Heizkesselen ufeieren, sii goufen net weider ernimmt - d'Frontalieren, déi all Dag am Stau verdommen oder an Zich a Bussen wéi d'Hierken an der Tonn moies iwwert d'Grenz an owes nees doudmidd Heem transportéiert ginn. Et hätt ee sech erwaart, datt op d'mannst och e Merci an e puer Incentiven fir si am Frieden-Discours dobäi gewiescht wieren.

Mee dës Leit gi jo och net bei de Wale gefrot - alors, circulez...il n'y a rien à voir.

Soss war et de Plat de résistance vu Santer a Juncker: d'Zuelen an d'ekonomesch Statistiken, déi d'Land ausmaachen an de Calcul vu senge Prestatioune bestëmmen.

Och hei: Ausser geblummelegt Rhetorik vun de Krisen an de Beem, déi net an den Himmel wuessen kee Wuert zur Staatsschold oder wéi ee wierklech de Betriber wäert kënnen hëllefen oder och wéi nees méi Plaze kënnen geschaf ginn, déi net beim Staat oder Para-Staat sinn.

D'Finanze goufen haut séier wéineg beliicht - jo, souguer ënner-beliicht, mee ech denke mer, dass et do um Finanzchef Roth ass, fir mussen d'Chifferen no der Tripartite ze liwweren, woubäi d'Käschte vun deenen decidéierte Mesurë musse mat agepräist ginn - an dat gëtt e ganz batteren Exercise, deen de Chef Frieden also sengem Chef Comptable iwwerléisst, deen fir den Netto vum Brutto responsabel ass.

Iwwerhaapt ass et d'Tripartite, déi wéi d'Schwert vum Damokles iwwert der ganzer Ried haut geschwieft ass, sou datt de "Mateneen - Fireneen" dann och de Slogan fir dës explosiv Dräier-Ronn ass, déi op den Dag genee an zwou Wochen ufänkt.

A wann hei d'Protagoniste beweisen, datt si haut d'Lektioun vum Schoulmeeschter vum Kompromësser-Fannen an dem Bréckebauen net sollte verstanen hunn, da wäert och dës weider Episod vun enger Sozialronn bis mat engem Echec op en Enn goen - mee och d'Patronen an d'Syndikater hu vläicht net all Interessi, ze héich dës Kéier ze pokeren - obwuel et hinne jo kann egal sinn an hir Popularitéits-Tauxen, au contraire zu de Politiker, net wäerte sondéiert ginn. Dem Land ass ze wënschen, datt et zréckfënnt an d'Spuer vum rouegen Dialog an der zilorientéierter, éierlecher Sich no Léisungen - de Luc Frieden huet haut vläicht e Bild gemoolt, dat ze vill rosarout war, mee Jidderee muss Säint och eraushuelen a sech bewosst ginn, datt hien en Deel vum Ganzen - also och dem Wuelstand an der Kohäsioun ass, déi dat Land batter brauch ... an dat hunn der vill vergiess.

Weises gëllt, d'Regierung huet nach 2 Joer fir eis vun hirer Politik z'iwwerzeegen .... op d'mannst ee vun de Koalitionären duerf da sécher nees de Staf an der neier Regierung iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO