Bei der Debatt ëm d'Flüchtlinge kënnt dacks virun allem een ze kuerz: d'Flüchtlinge selwer!

Se suerge fir vill Diskussiounen an der Europäescher Unioun: déi 58.000 Flüchtlingen, déi zanter 2016 a Griicheland quasi gefaange sinn. An dësem Asylsträit gëtt awer eng Partie ëmmer erëm aus der Debatt erausgelooss: d’Flüchtlinge selwer. Wat soll mat deene Mënsche passéieren? Wou sollen se ënnerkommen? Wéi eng Perspektive bitt hinnen d’Zukunft? Dës Froe stelle sech och Lëtzebuerger Volontairinnen, déi a Griicheland no Laangzäit-Léisunge sichen.

De Summer 2015 huet d’Gesiicht vun Europa verännert. Knapp eng Millioun Mënschen op der Flucht kommen a Griicheland un, wëlle weider Richtung Norden. Schonn deemools hu sech europäesch Volontairë mobiliséiert – mëttlerweil hu sech d’Besoinen awer verännert. D’Flüchtlinge sëtzen a Griicheland fest, ouni Aarbecht an ouni Perspektiv, erkläert d’Line Didelot, Matgrënnerin vun der Asbl ANKAA. Si bitt de Flüchtlinge Formatiounen, Sproochecoursen an eng Communautéit un. Mä wéi gesäit hir Aarbecht aus? A wéi erliewen d’Flüchtlingen d’Situatioun?

Ufanks 2016 hëlt d’Flüchtlingskris e neien Twist: d’Nopeschlänner vu Griicheland loosse keng Flüchtlinge méi duerch. Déi Mënschen, déi Griicheland just als Transitland consideréiert hunn, bleiwen op onbefristen Dauer do gefaangen.

D’EU versprécht 66.000 Flüchtlingen opzehuelen, mä a Wierklechkeet kréie just een Drëttel dovunner Asyl an engem EU-Memberstaat. Haut wiisst den Drock op Griicheland weider: Athen soll zousätzlech zu den 58.000 Flüchtlingen, déi schonn do sinn, och nach déi zeréckophuelen, déi a Griicheland registréiert sinn an dunn an engem aneren EU-Land gestoppt goufen.

RTL

De Jaafar Maassrani kënnt aus der syrescher Stad Aleppo an ass virun 2 Joer a Griicheland ukomm. Mir treffen hien zu Skaramangas, de gréisste Flüchtlingscamp a Griicheland, wou ëm déi 2.000 Mënschen a Container wunnen. Fir hie wier Griicheland keng Laangzäit-Léisung. Et géinge vill Manifestatioune géint Flüchtlinge ginn, erzielt de Jaafar, Streiken duerch déi keng ëffentlech Transporter méi fueren a souguer staatlech Institutiounen zou sinn. Iwwerdeems géingen d’Aarbechtslosegkeet an d’Zoustänn am Lager d’Situatioun zousätzlech méi schwéier maachen.

De Jaafar engagéiert sech och an der Asbl ANKAA, wou Volontairen a Flüchtlingen zesummen e Projet op d’Bee stellen, dee sech un d’Laangzäit-Besoine vun den Demandeurs d’asile orientéiert. Lëtzebuerger Volontairen si säit dem Ufank dobäi. Fir si wier et wichteg, de Leit net just ënnert d’Äerm ze gräifen, mee hinnen ze hëllefen dass si erëm fir sech selwer suerge kënnen.

RTL

© RTL Télé

Am Häerz vum ANKAA Projet läit e Gebai, dat d'Equipe am Gaang ass, ze renovéieren. Do ginn haut schonn Englesch a Griichesch Sproochecoursen ugebueden, an a ganz noer Zukunft och Formatiounen a verschidde Beräicher wéi Schräinerei, Informatik, Bitzen oder Kachen.

Bis well hänkt d’Asbl vu privaten Donen of. Si hoffen awer op méi Ënnerstëtzung, wann de Projet bis un d’Rulle kënnt.

De Jaafar schafft zënter Woche mat, mä hie wäert net méi vun de Formatioune profitéiere kënnen - viru Kuerzem krut hien déi gutt Noriicht, dass hie bei säi Brudder zéie kann, dee schonn zënter engem Joer zu Lëtzebuerg ass. Hie géing sech immens op Lëtzebuerg freeën, seet de Jaafar, well et e klengt Land ass do vill Sprooche geschwat ginn.

Fir déi aner Volontairë vum ANKAA-Projet fänkt d’Aarbecht zu Athen elo eréischt richteg un. No laange Virbereedunge ginn d’Dieren vun hirem Zentrum op ... Hire Motto: Mir bauen net mat de Kaarten, déi mer ausgedeelt kruten, mä mam Geschir dat mer hunn.