Gëtt d'EU sech nach iwwert eng Positioun eens?
© AFP
En Dënschdeg sinn zu Bréissel d'EU-Ëmweltminister beieneen. Virun der COP30-Weltklimakonferenz sti si ënner Drock.
Eng knapp Woch virun der Weltklimakonferenz a Brasilien gëtt et enk fir d'EU. Wann ee sech net eens gëtt iwwert Klimaziler, riskéiert ee mat eidelen Hänn op d’Konferenz ze fueren. Dofir sinn en Dënschdeg zu Bréissel d’Ëmweltminister beieneen, Lëtzebuerg ass duerch de Serge Wilmes vertrueden. Et geet engersäits drëm, en Zil fir 2040 festzeleeën, anerersäits och scho fir 2035, an dat hätt een am Fong scho misste bei de Vereenten Natiounen erreechen, zwou Friste sinn ewell ofgelaf.
Bis dato konnt ee sech hei nëmmen iwwert eng Forschette bei den Emissiouns-Reduktiounen eens ginn. Déi läit bei 66,25 bis 72,5 Prozent par rapport zu 1990. Wéi héich d’Klimazil fir 2040 si soll, gëtt aktuell verhandelt. D’EU-Kommissioun proposéiert eng Reduktioun vun 90 Prozent, bis dato ware Frankräich, Polen, Italien an Tschechien do dogéint.
Wat sinn d'Sträitpunkten?
Et geet gréisstendeels ëm d’Fro, wéi een déi Ziler erreecht. E Beispill sinn hei auslännesch Klimazertifikater. Wéi vill CO2 däerf een an der eegener Bilanz duerch Investitiounen a Klimaprojete baussent der EU aspueren? D’EU-Kommissioun wëllt hei e Seuil vun 3 Prozent, verschidde Länner fuerderen awer 5 Prozent (zum Beispill Frankräich), oder souguer 10 Prozent. D’Argument ass hei, dass de Changement net eleng an der EU gemaach gi kann, an dass iwwert dee Wee och Projete baussent der EU ënnerstëtzt géifen.
Wat geschitt, wann ee sech net eens gëtt?
Sollt ee sech en Dënschdeg net eens ginn, riskéiert ee mat eidelen Hänn op d’COP30 ze reesen. Kee gutt Signal fir Europa, dat sech weider an enger Leader-Roll beim Klimaschutz gesäit an aner Staaten zu méi Klimaschutz opgefuerdert huet. Nom Réckzuch vun den USA als gréissten Ekonomie a grousse Pollueur aus dem Klimaschutz riskéiert et dann ausserdeem, nach méi schwiereg ze ginn, bannent der Weltgemeinschaft en Accord ze fannen.
Am Laf vum Dënschdegmëtteg sollen d’Vereenten Natiounen dann och matdeelen, mat wéi vill Äerderwiermung ee bis Enn vum Joerhonnert rechne muss.