Huet Europa nach eng Zukunft oder e gemeinsame Projet?
A wa jo, wat huet de Bierger dovun? Wéi ass et mam sozialen Europa? Wéi kritt een d’Leit nees dozou, un Europa ze gleewen?
E Mëttwoch den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg war et déi eis éischt offiziell Table ronde am Kader vun den Europawalen de 26. Mee - Walen, déi dacks Schicksalswale genannt ginn, als vläicht esouguer déi wichtegst an der Geschicht vun Europa bezeechent ginn.
Dofir d’Fro: Huet Europa nach eng Zukunft? A wa jo, wat huet de Bierger dovun? Wéi ass et mat der sozialer Dimensioun, déi schonn dacks gefuerdert gouf an och elo erëm verstäerkt an de Walprogrammer steet?
Déi Kéier gëtt an de Walprogrammer ganz staark den Akzent op e soziaalt Europa geluecht. Bis elo huet d’Unioun sech awer schwéier gedoen, déi sozial Dimensioun op EU-Niveau ze stäerken.
Ënner anerem doriwwer gouf geschwat - mat Vertrieder vun den 10 Parteien, déi bei den Europawalen hei am Land untrieden. Mat um Dësch souzen:
Lëscht 1: DP: Monica Sémedo
Lëscht 2: Piraten: Daniel Frères
Lëscht 3: déi Konservativ: Joé Thein
Lëscht 4: KPL: Alain Herman
Lëscht 5: déi Lénk: Carole Thoma
Lëscht 6: Volt Europa: Christopher Lilyblad
Lëscht 7: déi gréng: Meris Séhovic
Lëscht 8: LSAP: Nicolas Schmit
Lëscht 9: ADR: Fernand Kartheiser
Lëscht 10: CSV: Christophe Hansen
Den 22. Mee ass déi zweet Table ronde op der Tëlee.