Den ungaresche Premier ka lo per Dekret géint d’Coronakris kämpfen. "Diktatur!", jäize Kritiker.

Den ungaresche Premier Viktor Orban, regéiert säi Land vun elo un, an op ondefinéiert Zäit per Dekret. D’Parlament zu Budapest huet e Méindeg mat de Stëmme vum Orban senger Fidesz-Partei e ganz ëmstriddent „Anti-Coronavirus-Defense-Gesetz“ guttgeheescht.

D’Mesurë géint de Coronavirus wäerte "proportionel a rational" sinn, sou den iliberale Viktor Orban. An hien huet verséchert, d’Parlament géing no der Kris seng Pouvoiren zeréckkréien. Den ungaresche Premier kann elo effektiv Reegele verhänken, ouni datt d’Parlament e Wuert matzeschwätze kritt. Wärend der Kris kënnen och keng Walen organiséiert ginn an d’Verbreede vu „falschen Informatiounen“ gëtt streng bestrooft, mat bis zu 5 Joer Prisong.

De Viktor Orban rechtfäerdegt seng erweidert Pouvoiren domadder, datt d’EU dem Land net géing hëllefen. "Wann Dir net hëlleft, dann hënnert eis och wannechgelift net" sot den ungaresche Premier. D’EU-Kommissioun huet via Spriecher rappelléiert, datt d’europäesch Budgets- an Defizit Reegele gelabbert goufen, fir eben de Memberstaaten d’Mëttelen ze ginn, géint de Virus ze kämpfen.

Observateuren no, ass Ungarn elo defacto eng Diktatur. Nach kee Kommentar vu Säite vun den EU-Staats- a Regierungscheffen oder vun der Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen. Och net vun der EVP, der europäescher Partei an där d’Fidesz Member ass. De fréieren italienesche Premier Matteo Renzi, deen huet awer gefuerdert, datt Ungarn aus der europäescher Unioun geheit gëtt. De Jean Asselborn hat dat schonn 2016 proposéiert.

Wéi et vum EU-Kommissär fir d'Justiz, dem Didier Reynders heescht, ginn d'Krisemesuren am Zesummenhang am Respekt vun de fundamentale Rechter "evaluéiert".

Didier Reynders

Reaktioun vun der EU-Kommissioun

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen huet en Dënschdeg am fréien Nomëtte reagéiert an un d’Wäerter vun der Unioun erënnert: Fräiheet, Demokratie, de Rechtsstaat an de Respekt vun de Mënscherechter.

Eu-Kommissioun

Si seet, ouni Ungarn mam Numm ze nennen, datt d’Kommissioun d’Krisemesuren an all de Memberstaaten ënnert d’Lupp hëlt. Och wann aktuell „aussergewéinlech Zäite“ wéinst dem Coronavirus sinn an dowéinst aussergewéinlech Mesuren néideg sinn, dierfen dës net op Käschte vun de fundamentale Prinzipie vun der EU goen, sou d’Ursula Von der Leyen.

An enger Demokratie wier et och wichteg, datt onofhängeg Medien hir Aarbecht kenne maachen.