Zanter dem Féier am Camp Moria ufanks September, fuerderen ëmmer méi humanitär Organisatiounen eng Reaktioun vun der EU.

Dass d'Lag an de Flüchtlichscamps a Griichenland wéi och an anere Länner net ëmmer mënschengerecht ass, ass scho méi laang bekannt. Zanter dem Féier am Camp Moria ufanks September fuerderen ëmmer méi humanitär Organisatiounen eng Reaktioun vun der EU. E Sonndeg de Mëtteg gouf a ganz Europa dofir manifestéiert.

D'Hëllefsorganisatioune ruffen d ’Léit op d ’Petitioun Europe Must Act ze ënnerschreiwen déi d’EU-Kommissioun dozou brénge soll, sech mam Thema auserneen ze setzen. Ronn 120.000 Flüchtlinge setzen a Griichenland fest a waarden drop endlech an engem EU-Land en néit Doheem ze fannen.

D'Nadine Benz vu "Catch a Smile": "Einfach fir d eng Iddi ze kréien: Lescht Joer waren op engem Dag um Oktoberfest dat Duebelt vun der Unzuel un Persounen zu München an der Staat ënnerwee. Dat heescht déi Léit déi argumentéieren, mir ginn hei iwwerrannt gi vun de Massen u Léit, dat ass fir mech perséinlech keen Argument. D’EU huet em déi 448 Milliounen Awunner, do ka mir kee soen, dass mir keng Plaz hunn fir 120.000 Léit."

D ’Zil vun der EU-wäiter  Manifestatioun ass et d ’Mënschen an Europa dorop opmierksam ze maachen, dat ganz vill Léit nach ëmmer Hëllef brauchen. Humanitéit an d’Mënscherecht sti ganz kloer am Mëttelpunkt. Et wier keen Europa méi op dat ee kann houfreg sinn: "Déi Campen déi do sinn, di mussen einfachen an aneren Zoustänn sinn. Kloer et gëtt ëmmer gesot Europa déi finanzéieren do vill, dat ass och richteg. Mä ech stelle mir perséinlech ëmmer d'Fro: Gutt déi stieche Suen do ran, mä si ginn d'Suen de Griichen, déi schonn zënter Joren iwwerfuerdert sinn, wat ee jo och ka verstoen, et ass en Land wat souwisou schonn iwwerschëlt ass. Firwat hellt Europa net d'Responsabilitéit a seet mir stieche Sue ran mee mir geréieren och en Camp."

Och verschidde Länner net begeeschtert si Refugiéen opzehuelen, sinn d ’Fuerderungen un d’EU-Kommissioun ganz kloer. De Sergio Ferreira vu Catch a Smile: "Et ass eise Kampf ze probéieren, datt déi nächst europäesch Asyl- a Migratiounspolitik eng generéis, eng humanitär Politik wier."

Zu Lëtzebuerg hunn ronn 120 Léit manifestéiert, d'Petitioun gouf Europa-wäit schonn iwwer 100.000 mol ënnerschriwwen.