Israeelesch Polizisten exekutéieren zwee Palästinenser, déi sech erginn hunn
© AFP/Jaafar ASHTIYEH
E Video, deen den Ament an de soziale Medien zirkuléiert an och an arabeschen Tëleeschaînen diffuséiert gëtt, weist en offensichtlecht Krichsverbriechen.
Ze gesinn ass hei, wéi arméiert Persounen, Medieberichter no Membere vun der israeelescher Grenzpolice, zwee Palästinenser erschéissen, déi sech offensichtlech erginn.
Déi zwee Männer komme mat erhuewenen Hänn aus enger Garage eraus an zéien hir Uewerdeeler erop, fir ze weisen, datt se keng Sprengsätz oder Waffe mat sech droen. Si ginn doropshi vun den arméierten Israeelien opgefuerdert, sech op de Buedem ze leeën a mat de Féiss gerannt, ier se schliisslech erschoss ginn.
De Spriecher vum Héije Kommissär fir Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen, den Jeremy Laurence, huet sech alarméiert gewisen an "onofhängeg, séier an déifgrënneg" Enquêtë gefuerdert. "Mir sinn entsat iwwert deen abscheileche Mord vu gëschter un zwee Palästinenser duerch déi israeelesch Grenzpolice zu Jenin am occupéierte Westjordanland", sou den Jeremy Laurence.
Déi israeelesch Arméi huet annoncéiert, den Incident z'iwwerpréiwen.