Knapp sechs Wochen nom spektakulären Déifstall am Louvre zu Paräis huet d'Police och de véierte presuméierten Täter identifizéiert.

Deemno wier et en 39 Joer ale Mann aus dem Quartier Saint-Denis, dee scho wéinst Prostitutioun a Vol virbestrooft ass, wéi de Parquet e Freideg matdeelt. Géint hie gëtt elo wéinst Déifstall a Grënnung vun enger krimineller Vereenegung ermëttelt.

De Mann war als leschte presuméierte Member vun de véier Déif en Dënschdeg op engem Chantier zu Laval festgeholl ginn. Dräi Verdächteger, déi mat him festgeholl goufen, goufen nees entlooss.

Déi dräi aner presuméiert Abriecher am Alter tëscht 34 an 39 Joer si scho méi laang an Untersuchungshaft. Dem Parquet no ziele si net zu Vertrieder vun der organiséierter Kriminalitéit.

Beim Abroch den 19. Oktober haten d'Déif Géigestänn am Wäert vu ronn 88 Milliounen Euro a vun "onschätzbarem kulturelle" Wäert geklaut. D'Täter ware matten am Dag mat Hëllef vun enger Aart Nacelle duerch eng Fënster an de weltberüümte Musée agedrongen. Entkomm sinn d'Déif mat de geklaute Saachen iwwer de selwechte Wee, fir sech dann op Scooteren duerch d'Bascht ze maachen.