Chef vum ukrainesche Presidentebüro Andrij Jermak zeréckgetrueden
© AFP/Archiv/Oscar DEL POZO
Wéi den ukrainesche President Selenskyj e Freideg matgedeelt huet, ass säi Beroder a Chef vum ukrainesche Presidentebüro zeréckgetrueden.
Hien huet eng entspriechend Demissiounsdemande un de Wolodymyr Selenskyj iwwereecht. E Samschdeg wëll den ukrainesche President iwwer e méiglechen Nofollger vum Andrij Jermak verhandelen.
E Freideg de Moie gouf dem Jermak seng Wunneng wéinst dem Verdacht op Korruptioun duerchsicht, wéi den Antikorruptiounsbüro an de Parquet matgedeelt hunn. D'Moossname wieren "Deel vun enger Ënnersichung". Onkloer ass den Ament nach, op d'Enquête an Zesummenhang mam massive Korruptiounsskandal am ukraineschen Energiesecteur steet. Den Andrij Jermak selwer huet annoncéiert, mat den Ermëttler wëllen zesummenzeschaffen.
Rezent réischt ass hie vum ukrainesche President zum Delegatiounschef fir d'Gespréicher zu Genf iwwert den US-Friddensplang ernimmt ginn. Kritiséiert gëtt dacks, datt de Jermak soll ze vill Muecht ugeheeft hunn, den Accès zum ukrainesche President kontrolléiert an och kritesch Stëmme récksiichtslos ausgrenzt.
Beim Korruptiounsskandal am ukraineschen Energiesecteur geet et ëm d'Verontreiung vu ronn 100 Milliounen Dollar. Am Kader vun der Affär hunn ënnert anerem den ukrainesche Justizminister an d'Energieministesch hir Poste verluer.