"Mäi Verhale war net ëmmer adequat." Dat bedauert d'Europadeputéiert Monica Semedo am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.

Si ass jo rezent wéinst psychologescher Belästegung vum President vum Europaparlament sanktionéiert ginn.

Si ënnersträicht, datt si keen Affer ass a Feeler gemaach huet, fir déi si och asteet, an deem Sënn, datt si déi Sanktiounen ugeholl huet an net an Appell gaangen ass.

"Wann een am Liewe Feeler mécht, kann een déi Saachen dacks net réckgängeg maachen, et kann ee just draus léieren", esou d'Europadeputéiert."

Vun hirem Posten zerécktrieden wéilt si net. Si hätt sech engagéiert mat ganz vill Passioun, hätt Prioritéiten, fir déi si sech och elo nach ëmmer géif asetzen a wéilt mat där Aarbecht virufueren bis hiert Mandat eriwwer ass.

E Réckbléck op d'Affär Semedo
"Mäi Verhale war net ëmmer adequat." Dat bedauert d'Europadeputéiert Monica Semedo am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.

Detailer wat eigentlech genee geschitt ass nennt d'Monica Semedo op Nofro hin net. Dat wier nämlech aus rechtleche Grënn net méiglech. Hir goufen am Ganzen 9 Punkte virgehäit, verschiddener dovunner hätt si kënne widderleeën.

Wat hir fréier Partei betrëfft, seet d'Europadeputéiert, datt déi héich Instanzen vun Ufank u Bescheed gewosst hätten.

Der Parteipresidentin Corinne Cahen hätt si am Dezember 2019 scho vu "Problemer um Büro" erzielt, de Charel Goerens hätt och Bescheed gewosst an net direkt eng Léisung parat gehat an am Mäerz zejoert hätt si beim Xavier Bettel no Rot gefrot an him vun der Plainte erzielt.