Lëtzebuerg mat der héchster Hausse beim Beschäftegungstaux
© AFP (Archiv)
Den Aarbechtsmaart an der EU huet sech am véierte Quartal 2020 liicht erholl.
An der EU louch de Beschäftegungstaux vu Persounen tëscht 20-64 Joer bei 72,6 Prozent am véierte Quartal 2020, dat ass eng Hausse vun 0,3 Prozentpunkten.
D'Ännerunge wat de Beschäftegungstaux tëscht dem drëtten an dem véierten Quartal 2020 ugeet, sinn an de verschiddenen EU-Staaten ënnerschiddlech. Deen héchste Wuesstem gouf et zu Lëtzebuerg (+2.1 Prozentpunkten) an an Estland (+ 1.2 Prozentpunkten). Wärend an 18 Länner den Taux eropgaangen ass, gouf et a fënnef Länner eng Baisse: Slowakei an d'Belsch (allebéid -0.3 Prozentpunkten), Éisträich (-0.2 Prozentpunkten), Ungarn an Zypern (allebéid -0.1 Prozentpunkten).
© Screenshot Eurostat