A Groussbritannien sinn haut Regionalwalen. Villes dréit sech do ëm e méiglechen, neie schotteschen Onofhängegkeetsreferendum.

D’Regierungcheffin Nicola Sturgeon wëll bei enger Victoire d’Schotten eng zweete Kéier iwwer d’Onofhängegkeet ofstëmme loossen – a Schottland zréck an d’EU féieren.

Dat wär awer e laange Wee, mat villen Hindernissen.