Responsabele vu schroer Explosioun am Hafe vu Beirut festgeholl

© AFP
No enger jorelaanger Sich gouf elo de Responsabele vun der Explosiounskatastroph am Hafe vu Beirut a Bulgarien festgeholl.
Den 48 Joer ale russesch-zypriotesche Staatsbierger a Schëffsbesëtzer, deen elo a Bulgarien festgeholl gouf, wier per Geriichtsbeschloss vum 7. September fir maximal 40 Deeg an Untersuchungshaft komm, sou eng Porte-parole vum Geriicht zu Sofia. Hie soll fir déi ganz uerg Explosioun vu viru fënnef Joer am Hafe vu Beirut responsabel sinn.
Am Hafe vu Beirut koum et de 4. August 2020 zu enger massiver Explosioun, bei där méi wéi 220 Persounen ëmkomm an iwwer 6.500 weiderer blesséiert goufen. D'libanesesch Autoritéiten hunn de Mann, deen elo festgeholl gouf, als Besëtzer vun engem Schëff identifizéiert, dat 2013 ronn 2.750 Tonnen Ammoniumnitrat an den Hafen transportéiert hat. Dëse Stoff, deen extreem entzündlech ass, déngt als Grondlag fir Sprengstoff. De Stoff gouf dunn och am Hafen deponéiert, wat jo siwe Joer méi spéit fir déi katastrophal Explosioun gesuergt hat. Et war eng vun de gréissten net nuklearen Explosiounen zanter jeehier.
De Verdächtegen, dee mat Hëllef vun Interpol international gesicht gouf, ass de 5. September um Fluchhafe vun der bulgarescher Haaptstad Sofia festgeholl ginn.