Méi wéi 30 Binomen, also Polizist a Policehond, aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, der Schwäiz an der Belsch hunn zesummen trainéiert.

Zu Lëlz um Stauséi an zu Heischent goufen déi verschidden Ekippe virun ongewéinlech Erausfuerderunge gestallt. Eng vun den aussergewéinlechsten Übungen: De Polizist huet sech mat sengem Hond vun enger Bréck missen ofseelen - eng Situatioun, déi am Alldag zwar kaum virkënnt, mee d’Vertrauen tëscht Déier a Mënsch op d’Prouf stellt.

Andréck vum Training

Ënnen ukomm huet de Binome zesumme missen an d'Policeboot klammen a sinn un dat anert Ufer gefuer. Hei huet den Hond op Kommando missen aus dem Boot sprangen an um Ufer den Täter faassen an dëse festhalen, bis de Meeschter och u Land war. En Challenge fir d'Hënn, déi op déi ënnerschiddlechste Situatioune musse preparéiert ginn.

Grenziwwerschreidenden AustauschEt war schonn déi aachte Kéier, dass d’Police Lëtzebuerg hir international Kolleegen op esou en Trainingsstage invitéiert huet. De Chefkommissär Christian Van Wissen ënnersträicht dobäi, wéi wichteg d’Zesummenaarbecht ass: „Mir schaffen enk zesumme mat de Kolleegen aus Rheinland-Pfalz a Saarland, mee och mat de belsche Partner. Eis Hënn ginn zum Beispill an der Belsch ausgebilt, an dat gëtt eis net a Rechnung gestallt. Mir ënnerstëtzen am Géigenzuch reegelméisseg mat eise spezialiséierten Drogenhënn, wann do e gréisseren Dispositif gebraucht gëtt.“

Dëse grenziwwerschreidende Kontakt erméiglecht net nëmmen eng besser Koordinatioun am Asaz, mee och eng kontinuéierlech Qualitéitssteigerung an der Ausbildung vun den Déngschthënn.

Villfälteg Asazgebidder

Zu Lëtzebuerg zielt d’Hondsstaffel aktuell 16 Binomen. Déi gi fir präventiv Missioune genotzt, mee och fir spezialiséiert Asätz, wéi de Persouneschutz bei Staatsvisitten oder bei der Sich no Drogen a Sprengstoff.

Um Trainingsdag goufen dowéinst och realistesch Zenarien nogestallt: d’Sich no Substanzen, de Sprong vum Policeboot an d’Waasser fir en Täter ze ergräifen oder en Challenge am Persouneschutz an der Däischtert.

Hondsstaffel huet op internationalen Training agelueden
Méi wéi 30 Binomen, also Polizist a Policehond, aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, der Schwäiz an der Belsch hunn zesummen trainéiert.

Déngschthond a Familljemember

Och wann d’Hënn am Asaz aussergewéinlech Leeschtunge bréngen, bleift den Alldag doheem erstaunlech normal. „Eis Hënn liewe bei eis an der Famill, se bewaachen d’Couch a gi pissen, wéi all aneren Hond“, seet de Christian Van Wissen mat engem Laachen. „Wichteg ass, datt et hinnen och gutt geet. Déi Rassen, déi mir auswielen, hu vill Freed un dëser Aarbecht – mee genee esou brauche si dono Rou an Ausgläich.“

Fir d’Hondsstaffel war den internationalen Trainingsdag e grousse Succès. Nieft de komplexen Übunge stoung virun allem den Austausch mat de Partnerlänner am Mëttelpunkt. Well och wann d’Gesetzer an de Länner variéieren – d’Aarbecht mam Hond bleift iwwerall déi selwecht, sou de Christian Van Wissen.