Doudesstrof fir presuméierte Mäerder vum Charlie Kirk gefuerdert

© AFP
De presuméierte Mäerder vum konservativen US-Aktivist Charlie Kirk stoung en Dënschdeg eng éischte Kéier viru Geriicht.
Nëmmen e puer Stonnen, éier den Tyler R. eng éischte Kéier viru Geriicht stoung, huet de Parquet hie wéinst Mord ugeklot. Dem 22 Joer ale Mann ginn donieft sechs weider Punkte reprochéiert, dorënner Drock op Zeien, wéi de Procureur Jeffrey Gray zu Provo am US-Bundesstaat Utah erkläert huet. De Gray fuerdert d'Doudesstrof fir den Tyler R..
Viru Geriicht huet den Tyler Robinson net vill gesot. De Riichter Tony Graf huet déi verschidden Uklopunkte virgelies an déi nächst Auditioun fir den 29. September festgeluecht. Den Tyler R. huet nëmme geschwat, fir säin Numm ze confirméieren.
Doud vun aneren a Kaf geholl
Bei enger Pressekonferenz virun der Auditioun en Dënschdeg hat de Procureur Gray erkläert, datt et e besonnesch schwéiere Mordfall wier, well den Tyler R. de méiglechen Doud vu weidere Mënschen a Kaf geholl huet. Donieft hätt de presuméierten Attentäter d'Ermëttlunge behënnert an Zeie beaflosst - virun allem säi Matbewunner, deen hie gedrängt hat, näischt ze soen.
De Procureur wäert et ausserdeem als erschwéierend, datt beim Attentat "Kanner dobäi waren a méiglecherweis de Mord gesinn oder héieren hunn" an den Tyler R. politesch-motivéiert gehandelt hätt. Aus deem Grond huet de Gray d'Doudesstrof gefuerdert.
Verdächtegen hat "genuch vun dësem Haass"
Zu méigleche Motiv sot de Procureur Gray, datt een SMS vum Tyler R. u säi Matbewunner fonnt hätt, an deenen hie geschriwwen hätt, datt hie "genuch vun dësem" Haass hätt, dee vum Charlie Kirk verbreet géing ginn. Sengen Eltere géigeniwwer hätt hie sech änlech geäussert.
Kritiker reprochéieren dem Charlie Krik, datt hien Haass géint Transleit, Migranten an anerer verbreet hätt. Dem Tyler R. säi Matbewunner wier dem Parquet no eng Transpersoun, mat där den Ugekloten eng romantesch Bezéiung hat. De Matbewunner wier e "biologesche Mann", dee säi Geschlecht ännere wollt, huet de Procureur betount.
Den Charlie Kirk war de leschte Mëttwoch bei engem Optrëtt um Campus vun enger Uni a Utah erschoss ginn. Den 31 Joer ale Kirk huet als ee vun den aflossräichste rietsen Aktivisten an als Vertrieder vum Trump fir d'Jugend gegollt. Den US-President hat de Kirk no sengem Doud e "Märtyrer" genannt an erkläert, datt hien op d'Doudesstrof fir den Attentäter géing hoffen.