Chineesesch Waffeliwwerungen u Russland géifen de Konflikt verschäerfen
Zu Bréissel beroden d’EU-Ausseminister iwwer déi weidere Support fir d'Ukrain. Och en 10. Sanktiounspak géint Russland soll bis e Freideg verhandelt sinn.
Fir vill Froen am Virfeld suergt awer d'Warnung vum US-Ausseminister Antony Blinken u China, Russland net mat Waffen z'ënnerstëtzen. Wa China géing Waffen u Russland liwweren, wier een an engem neien Zenario, sou den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg de Moie géigeniwwer däitsche Journalisten. Hien hofft, dass China net géing dee Feeler maachen. Bis elo hätt China sech an der UNO enthalen, a keng Waffe geliwwert. "Ech hoffen, et bleift dobäi", sou de Jean Asselborn.
Falls dat net de Fall wier, missten och Diskussiounen iwwert Sanktioune géint China gefouert ginn. China wier bis elo de gréisste Profiteur vum Krich, well Russland sech komplett a "seng Hänn beginn hätt", sou den Ausseminister an engem Interview mam Deutschlandfunk. De russesche President géing de Krich eréischt stoppen, wann hie géing gesinn, dass hien de Wëlle vun den Ukrainer net ka briechen.
Mat de Sanktioune wier et der Europäescher Unioun iwwerdeems ni dorëm gaangen, d'russescht Vollek ekonomesch an d'Knéien ze zwéngen. Mä dorëm, dass de President Putin net méi d'Mëttel huet, de Krich weiderzeféieren. Zil wier a géingen d'Friddensverhandlunge bleiwen.
Wat den Iran ugeet, wäerten och eng Partie Persoune wéi Riichter, Prisongsbeamten oder Deputéiert op eng Sanktiounslëscht gesat ginn. D’Revolutiounsgarden aus dem Iran op d’Sanktiounslëscht vun der EU ze schreiwen, wéi och vill Iraner, déi hei am Land liewen, fuerderen, wier juristesch net méiglech. Politesch géing een dobäi bleiwen, all d'Sanktiounen ze decidéieren, déi de Regime ënner Drock setzen. Ënner anerem wäerte siwen iranesch Firmen, déi Dronen u Russland geliwwert hunn, op d'Sanktiounslëscht vun der EU gesat ginn.
E Freideg soll China e Friddensplang virleeën. "D'Glafwierdegkeet vun deem Plang hänkt dovunner of, ob China wierklech Waffen u Russland liwwert, déi an der Ukrain agesat ginn", esou de Lëtzebuerger Ausseminister.