Et besteet zënter laangem e wëssenschaftleche Konsens, dass de Klimawandel vu Mënsche verursaacht gëtt. A sozialen Netzwierker sinn awer ëmmer nees falsch Behaaptungen am Ëmlaf, dass d'Äerderwiermung natierlech wär.

A sozialen Netzwierker verbreede sech zënter Mëtt Mee 2023 Bäiträg mat engem Video op Englesch, an deem e Fuerscher vun der Universitéit Kopenhagen en Äisbuerkär op Grönland analyséiert. Am Video gëtt doraus de Schluss gezunn, dass de Mënsch net fir déi global Erwiermung responsabel wär, well et "schonn ëmmer wiesselend Wäermt- a Keeltperiode" ginn hätt, déi duerch natierlech Phenomener ausgeléist géifen.

Sou wéi d'Miessungen duerchgeféiert goufen, wär et "ganz schwiereg, ze beweisen, ob d'Hausse vun der Temperatur am 20. Joerhonnert op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféieren ass oder ob et sech ëm eng natierlech Ofwäichung handelt", seet de Fuerscher am Video, de Jørgen Peder Steffensen vum Niels-Bohr-Institut vun der Universitéit Kopenhagen an Dänemark.

De Video, deen zesumme mat däitschen a franséischen Aussoe gedeelt gouf, gouf e puer Dausend Mol gedeelt an iwwer Zéngdausend Mol gekuckt: op Twitter (hei an hei), Telegram (hei an hei), Facebook (hei an hei) a Video-Sharing-Plattforme wéi Odysee. Änlech Behaaptunge sinn zënter enger Rei Joren och op Englesch am Ëmlaf.

RTL

© AFP

RTL

© AFP

Dës Aussoe sinn awer ierféierend. Se rappen e Video, dee virun 20 Joer gedréint gouf, aus sengem urspréngleche Kontext. Déi wëssenschaftlech Erkenntnisser hu sech zanterhier weiderentwéckelt an et besteet haut e wëssenschaftleche Konsens iwwer déi global Erwiermung an hire mënschlechen Ursprong. En plus ginn d'Miessunge vun Temperature vun engem grönlänneschen Äisbuerkär net duer, fir Réckschlëss op d'Klima am Allgemengen ze zéien.

E Video vu virun 20 Joer


Op Ufro vun der AFP huet de Steffensen den 22. Mee 2023 erkläert, dass "de Video (...) en Extrait vun enger Dokumentatioun" vu virun 20 Joer wär, "ëmgesat vum Lars Oxfeldt Mortensen".

D'Dokumentatioun koum 2004 ënner dem Titel "Doomsday called off" (Weltënnergang eriwwer) eraus an ass och nach online ze fannen.

De Regisseur Lars Oxfeldt Mortensen huet doran de mënschlechen Ursprong vun der Äerderwiermung hannerfrot. Säitdeem huet de Mortensen ee weideren Documentaire produzéiert, dee sech mat der Hypothees beschäftegt, dass d'Sonnenaktivitéit iwwerweiend fir d'Äerderwiermung responsabel wär - eng ierféierend Behaaptung, déi d'AFP scho widderluecht huet.

Ufank den 2000er-Jore koum den drëtte Rapport vun der Tëschestaatlecher Kommissioun fir Klimaännerungen (IPCC), och Weltklimarot genannt, déi weltwäit Referenzgréisst fir Klimafroen, zur Konklusioun, dass et "warscheinlech" wär, dass mënschlech Aktivitéiten déi global Erwiermung ausléise géifen.

Den IPCC gouf 1988 vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) an dem Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) gegrënnt a vereenegt Dausende vu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler aus de Beräicher vun den Atmosphärwëssenschaften, Ozeanologie, Glaziologie a Wirtschaftswëssenschaften. Den IPCC krut 2007 de Friddensnobelpräis.

D'Kommissioun ass an dräi Gruppe vun Expertinnen an Experten ënnerdeelt, déi vu verschiddene Regierungen an internationalen Organisatiounen ernannt ginn. Déi éischt Grupp ënnersicht déi wëssenschaftlech Beweiser fir d'Erwiermung, déi zweet hir Auswierkungen an déi drëtt weist méiglech Léisunge fir d'Ofschwäche vun der Erwiermung op.

Zënter 1990 hunn d'Wëssenschaftlerinnen an d'Wëssenschaftler vum IPCC sechs Rapporte verëffentlecht, an deene si d'Erkenntnisser iwwer d'Klima zesummefaassen. D'Wëssen iwwer dëse Sujet huet sech am Laf vun de Fuerschunge weiderentwéckelt, genee wéi d'Konklusioune vun den Expertinnen an den Experten.

Dohier bloufen d'Expertinnen an d'Experten am Joer 1990 nach virsiichteg a koumen zur Konklusioun, dass een net soe kéint, dass mënschlech Aktivitéite bei der Äerderwiermung eng Roll spille géifen. Eréischt 2007 hu si et fir "ganz warscheinlech" gehalen, 2013 du fir "héchst warscheinlech".

Am éischten Deel vum aktuelle Rapport, deen am August 2021 verëffentlecht gouf, koumen d'Expertinnen an d'Experte vum IPCC zur Konklusioun, dass déi global Erwiermung "onmëssverständlech" wär an dass et "net ze bestreiden ass, dass de mënschlechen Afloss d'Atmosphär, d'Ozeaner an d'Land erwiermt huet".

RTL

© AFP

"De Film gouf virun iwwer 20 Joer gemaach, an deemools war et ganz schwiereg, d'Politiker - vun de Wieler guer net ze schwätzen - dovun ze iwwerzeegen, dass mir mat der Äerderwiermung, déi vum Mënsch gemaach ass, konfrontéiert waren a sinn", huet sech de Jørgen Peder Steffensen géintiwwer der AFP den 22. Mee 2023 verdeedegt.

"Ech hu mech deemools entscheet - an dat hunn ech mam Lars [Oxfeldt Mortensen] beschwat - dass ech als Wëssenschaftler meng Gespréichspartner net op Basis vun hirer politeschen Usiichten erauspicke sollt", sot hie weider. "Ech stinn zu deem, wat ech am Lars Oxfeldt sengem Film virun 20 Joer gesot hunn, awer ech war a si mat sengen Interpretatiounen net averstanen."

"Dee Film, dee virun 20 Joer gedréit gouf, spigelt net den haitege Stand vun der Wëssenschaft erëm. Am Joer 2001 huet den IPCC geschriwwen, dass et 'warscheinlech' wär, dass d'Erwiermung duerch de Mënsch ausgeléist gëtt. Fir e Wëssenschaftler konnt et duerchaus Grond zur Virsiicht ginn hunn. Awer d'Wëssenschaft huet sech säitdeem staark weiderentwéckelt, haut gëtt et keen Zweiwel méi", sot de Xavier Fettweiss, Klimatolog op der belscher Université de Liège, géintiwwer der AFP den 23. Mee 2023.

Een eenzelen Äisbuerkär representéiert net d'Klima vun der Äerd


Am Video erkläert de Jørgen Peder Steffensen fir d'éischt seng Aarbecht un der Temperaturanalys vun engem Äisbuerkär, dat heescht vun engem Äiszylinder, deen an e Gletscher gebuert an duerno ënnersicht gëtt, fir Informatiounen iwwer d'Klima ze kréien.

"Wann een en Äisbuerkär eraushëlt, hannerléisst een e Lach. Wa mir en Thermometer an dat Lach stiechen, kënne mir d'Temperaturen duerch dës dräi Kilometer déck Äisschicht moossen an opzeechnen. Wa mir dës Temperatur genee genuch moossen, op den Dausendstel Grad genee, kenne mir d'Temperatur op der Uewerfläch, wéi de Schnéi gefall war, well d'Äis dës Temperatur net vergiess huet. Mat Hëllef vun dësen Temperature konnte mir also d'Temperature vun de vergaangenen 10.000 Jore rekonstruéieren", huet de Fuerscher erkläert.

D'Erklärung am Video, deen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, géif d'Aart a Weis, wéi een Temperature rekonstruéiere kéint, vereinfachen, sot d'Glaziologin Heïdi Sevestre géintiwwer der AFP.

"Et kann een och d'Verännerunge vun den Isotopenverhältnisser vu Sauerstoff a Waassermolekülle moossen, fir d'Temperatur vu ganz alem Äis ze rekonstruéieren", sot si. D'Temperatur géif net direkt gemooss, mee aus de Parameteren, déi am Äis dra sinn, ofgeleet ginn, déi da vu Fuerscherinnen a Fuerscher analyséiert géifen, erkläert en Artikel vun der populärwëssenschaftlecher Zäitschrëft "Scientific American".

Fir d'Klima op der Äerd aus der Vergaangenheet hierzeleeden, stäipe sech d'Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Paläoklimatologie, der Léier vum Klima vu vergaangenen Epochen, nämlech op sougenannt "Klimaarchiven", natierlech Elementer, déi säit Dausende vu Joren op der Äerd existéieren. Dozou gehéieren Äisbuerkären, awer och d'Réng vu Bamstämm, Stalagmitten oder Sedimenter vum Mieresbuedem.

D'Ënnersiche vun engem eenzelen Äisbuerkär erméiglecht et soumat, Réckschlëss op d'Klima op dëser spezieller Plaz ze zéien, op där en erausgeholl gouf, wéi d'AFP schonn an engem fréieren Artikel beschriwwen huet, dee sech mat weidere falsch interpretéierten Date beschäftegt. Awer fir op dat vergaangent Klima op der Äerd am Ganze kënnen ze schléissen, stäipe sech Fuerscherinnen a Fuerscher op Miessungen, déi a verschiddenen Deeler vun der Welt gemaach géifen, sot de Xavier Fettweiss.

RTL

© AFP

An dësem Fall goufen d'Donnéeën, déi am Video gewise goufen, am Kader vum "Greenland Ice Core Project" (GRIP) gesammelt, deenen hir Buerungen Enn vun den 1990er-Joren ugefaangen haten an dee sech op d'Ënnersiche vun den Temperaturen um Standuert "Dye 3" op Gröndland konzentréiert hunn. De Jørgen Peder Steffensen huet géintiwwer der AFP ausserdeem erkläert, dass d'Miessunge vun Äisbuerkären, déi op dëser Plaz gemaach goufen, vun de Fuerscher analyséiert a mat aneren Temperature verglach goufen, déi op enger anerer Plaz an der Antarktis, dem "Law Dome", entholl goufen. Dat gëtt am Videoextrait net duergestallt. Sou huet hien op den Datesaz verwisen, deen all d'Miessungen, déi op béide Plaze gemaach goufen, enthält.

"De Lars Oxfeldt huet mäi Kommentar, dee Grönland mat der Antarktis vergläicht, net a säi Film mat erageholl. D'Courbë vum Law Dome a vu Grönland weise béid e globalen Ofkillungstrend, dee vu viru 5000 Jore bis zum Enn vum 20. Joerhonnert reecht; duerno wäiche se awer vuneneen of. Ech hat awer dorop higewisen, dass, wann d'Temperaturen am Law Dome gläichzäiteg mat deenen op Grönland an d'Luucht goe géifen, dat e staarken Indice dofir wär, dass de Mënsch fir de Klimawandel responsabel ass. An natierlech weisen d'Donnéeën, déi mir haut hunn, dass se dat maachen", sot de Fuerscher.

Lokal Spezifissitéite vun den Temperaturen 


Zwar huet sech d'Klima, wéi am Video behaapt, am Laf vun der Zäit ëmmer nees verännert. Dat ass vun der Wëssenschaft gutt dokumentéiert a gëtt och vun den Experten, déi vun der AFP befrot goufen, bestätegt. Mee dat stellt net d'Tatsaach a Fro, dass déi aktuell Klimaverännerung vum Mënsch mat verursaacht gëtt.

Klimaschwankunge sinn ëmmer nees am Laf vun der Zäit entstanen, och scho viru Joerdausenden, éier de Mënsch op der Äerd opgedaucht ass. Dës Schwankunge koumen duerch den natierleche Klimazyklus, d'Positionéierung vun der Äerd par rapport zur Sonn an der Äerdëmlafbunn zustanen. Dat huet d'AFP schonn an dësem Artikel vum Dezember 2022 an dësem vum August 2022 erkläert.

"D'Äerd huet eng ganz Rei vun Äiszäiten an Tëschenäiszäiten erlieft", resuméiert d'Heïdi Sevestre. D'Sonnestralung beaflosst och d'Klima a wierkt sech ausserdeem op all atmosphäresch Schichten aus: d'Atmosphär, d'Troposphär an d'Stratosphär.

De Gerhard Krinner ass Fuerschungsdirekter beim franséischen CNRS a Fuerscher um Institut fir Ëmweltgeowëssenschaften zu Grenoble a Frankräich. Hien huet erkläert, dass d'Tatsaach, dass d'Erwiermung, déi zënter ongeféier 150 Joer undauert, duerch de Mënsch verursaacht gëtt, net am Widdersproch zu natierleche Klimaschwankunge stéing.

Ausserdeem waren d'Temperaturen op Grönland lokale Klimaphenomener ënnerworf, déi net representativ fir d'Temperaturen op der ganzer Äerd sinn. Grönland hätt beispillsweis "ganz abrupt a lokal Erwiermungsepisoden" erlieft. Dat huet de Xavier Faïn, Fuerscher um Insitut fir Geowëssenschaften zu Grenoble, detailléiert an dësem Artikel, deen online disponibel ass, erkläert.

Eng Episod, déi als "mëttelalterleche Klimaoptimum" bezeechent gëtt, ernimmt de Jørgen Peder Steffensen an dem verbreete Video. "Mir mengen, dass op Grönland déi 'waarm' mëttelalterlech Period ëm ongeféier 1,5 Grad méi waarm war wéi haut", sot hien.

De Gerhard Krinner huet weider erkläert: "Et handelt sech ëm e bekannt a gutt dokumentéiert lokaalt Phenomen, dat op Grönland besonnesch ausgepräägt war, awer op ierféierend Aart a Weis op de globalen Niveau iwwerdroe gëtt."

An der US-amerikanescher Fachzäitschrëft "Science" war 2009 en Artikel iwwer eng Etüd publizéiert ginn, an där Fuerscher weise konnten, dass dës méi waarm Period just an engem Deel vun der Welt, dem Nordatlantik, stattfonnt an deelweis duerch regional Klimaphenomener ausgeléist gi si kéinten. Dat huet och e Faktencheck aus dem Joer 2015 vun der franséischer Dageszeitung "Le Monde" erkläert.

Ausserdeem géifen d'Temperaturen op Grönland haut, 20 Joer no der Videoopnam, dozou tendéieren, d'Temperature vun dëser mëttelalterlecher Period ze iwwertreffen, hunn d'Fuerscher, déi vun der AFP befrot goufen, betount.

De Jean Jouzel, Klimatolog an eemolege Vizepresident vum IPCC, huet den 23. Mee 2023 géintiwwer der AFP erkläert: "Wat Grönland betrëfft, ass déi jéngst Erwiermung elo komplett kloer a gutt dokumentéiert."

Hien huet op eng Etüd verwisen, déi am Januar 2023 an der Zäitschrëft "Nature" verëffentlecht gouf an d'Rekonstruktioune vun den Temperaturen op Grönland vum Joer 1000 bis 2011 analyséiert huet. Op der éischter Ofbildung ass däitlech ze gesinn, dass déi gemoossen Temperature geklomme sinn.

RTL

© AFP

"D'Erwiermung vum leschte Joerzéngt, déi an eiser Etüd berécksiichtegt gouf, iwwertrëfft déi virindustriell Temperaturvariabilitéit vum vergaangene Joerdausend", heescht et an der Etüd an d'Fuerscher kommen zur Konklusioun, dass den "anthropogenen Afloss" op d'Erwiermung "elo an Zentral- an Nordgrönland noweisbar ass".

Déi jéngst Joren net berécksiichtegt


Op dem Grapheen, deen am Video, deen an de sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, gewise gëtt, sinn d'Joren op der x-Achs net uginn. An déi jéngst vum Jørgen Peder Steffensen kommentéiert Donnéeë stamen aus dem Joer 1875. Hien erkläert, dass dësen Datum "deem Zäitpunkt entsprécht, op deem d'Wiederobservatiounen ugefaangen hunn".

"Seng Klimaserie berécksiichtegt net déi jéngst Jore vun der Erwiermung", huet de Xavier Fettweiss festgestallt. An der Reegel "ennegen d'Temperaturen, déi aus Äisbuerkäre rekonstruéiert ginn, an den 1950er-Joren", also e puer Joer oder Joerzéngte virum Ufank vun de Buerungen duerch d'Wëssenschaft, well "fir d'Eegenschafte moossen ze kënnen, muss sech de Schnéi setzen an dohier ginn déi jéngst Schichten net berécksiichtegt" huet de Klimatolog erkläert.

An de vergaangene Joren huet sech d'Äerderwiermung beschleunegt, wéi dës Grafik aus engem Rapport vum IPCC vum August 2021 weist. Aus der Ofbildung geet ervir, dass d'Temperaturen an de vergaangenen 150 Joer staark geklomm sinn.

RTL

© AFP

De Jørgen Peder Steffensen sot, dass de Klimawandel "u sech neutral" wär a "souwuel gutt wéi och schlecht Auswierkungen" hätt. Trotzdeem wär "d'Vitesse, mat där dëse Wandel antrëtt, net (neutral)", huet hie weider erkläert.

"Ëmsou méi séier dës Verännerung viru ginn, desto méi wäert se eis schueden, well mir sinn all 'Baueren', mir sinn all vun der Äerd ofhängeg a brauchen e stabilt Klima, fir eppes unzebauen", sou de ørgen Peder Steffensen.

"Am schlëmmste Fall: Stelle mir eis vir, dass mir elo all eis Emissioune reduzéieren an d'Wëssenschaftler an 200 Joer feststellen, dass dës Reduzéierung net noutwenneg gewiescht wär, fir d'Klima stabil ze halen. Denkt dir, d'Leit géife soen: 'Wat fir e schreckleche Feeler'? Neen, d'Mënsche wäerten am Géigendeel immens glécklech sinn, well een hinne wäertvoll Ressourcen an eng manner verschmotzt Welt hannerlooss huet. D'Reduzéierung vun den Emissiounen ass op jiddwer Fall eng gewënnbréngend Léisung", huet de Fuerscher weider illustréiert.

Konsens iwwer de vum Mënsch gemaache Klimawandel 

D'Naomi Oreskes, Professesch fir Wëssenschaftsgeschicht op der US-amerikanescher Harvard University, war déi éischt, déi de wëssenschaftleche Konsens iwwer de vum Mënsch gemaache Klimawandel quantifizéiert huet. Am Joer 2004 huet si eng Etüd iwwer 928 wëssenschaftlech Artikelen iwwer de Klimawandel, déi vu Fachleit evaluéiert goufen, duerchgefouert, déi tëschent 1993 an 2003 verëffentlecht goufen.

Dësen Auswalprozess ass onerlässlech, fir ausschliisslech Klimaexpertinnen an -experten anzebezéien, déi soumat iwwer en entspriechenden Hannergrond verfügen, an d'Meenung vu Persounen, déi net an dësem Beräich geschafft hunn, auszeschléissen.

D'Oreskes huet geschriwwen, dass "bemierkenswäerterweis kee vun den Artikelen" eng aner Meenung wéi d'Konsenspositioun vertrueden hätt, déi beseet, dass d'Äerderwiermung vun de vergaangenen 150 Joer haaptsächlech vum Mënsch ausgeléist gouf.

Säitdeem hunn och vill aner Etüden dës Erkenntnisser ënnermauert, wéi an dësem Faktencheck ze liesen ass.

An awer gëtt de vum Mënsch gemaache Klimawandel a sozialen Netzwierker reegelméisseg a Fro gestallt. An de vergaangene Méint huet d'AFP verschidde Behaaptungen a Faktenchecke widderluecht: iwwer Klimamodeller, iwwer d'arktescht Mieräis, iwwer eng NASA-Etüd iwwer d'Ëmweltbelaaschtung duerch Kéi oder iwwer d'Leegne vun der Klimanoutlag. Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d'AFP hei.

Fazit: Een eenzelen Äisbuerkär vu Grönland beweist net, dass déi aktuell Äerderwiermung net op de Mënsch zeréckgeet. De Video, dee verbreet gouf a gëtt, ass ausserdeem 20 Joer al a säitdeem huet sech de Wëssensstand iwwer de Klimawandel bedeitend weiderentwéckelt. Expertinnen an Experten hu géintiwwer der AFP confirméiert, dass et wëssenschaftleche Konsens ass, dass haaptsächlech mënschlech Aktivitéite fir d'Äerderwiermung responsabel sinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.