Keng Indicen dorop, dass Kokosnëss Nierenerkrankungen heelen

Et gëtt keng Beweiser dofir, dass d'Drénke vu Kokosnossjus bei der Behandlung vu Patiente mat Nierenerkrankungen hëlleft. Am Internet gëtt a malayseschsproochege Bäiträg Reklamm dofir gemaach.
Eng adequat medezinesch Behandlung ass indispensabel, fir eng Progressioun vun Nierenerkrankungen ze verhënneren, sote Doktere géintiwwer der AFP an hunn ergänzt, dass d'Vertrauen op onbewisen Heelmëttel schiedegen an zu méi laangen Traitementer féiere kann.
"Tipps fir d'Heelung vun Nierekrankheeten" steet an engem malayseschen Text, deen iwwer engem Bild mat enger gekeimter Kokosnoss geschriwwen ass. Dëse Bäitrag gouf de 4. August 2025 op Facebook gepost.
Déi laang Bildbeschreiwung recommandéiert d'Preparatioun vun enger Naturmedezin, andeem een zwou Woche laang de Jus vun enger gekeimter Kokosnoss, och als Kokosnossapel bekannt, drénkt.

© AFP
Dës Volleksmedezin daucht zënter 2018ëmmer nees an Online-Bäitrag op.
Den Dokter Hlaing Win, de Chef vun der myanmarescher Gesondheetswebsäit "Hello Sayarwon", huet géintiwwer der AFP erkläert, dass zwar verschidden Nierekrankheeten - wéi beispillsweis akut Niereversoen (AKI oder ANV) - duerch gëeegent medezinesch Moossname geheelt gi kënnen, chronesch Nierenerkrankungen (CKD) awer irreversibel sinn (archivéierte Link).
"A béide Fäll gëtt et keng glafwierdeg Etüden, déi beleeën, dass Kokosnossprodukter als Heelmëttel dénge kënnen", sot hien den 31. August.
D'Doktesch Lily Mushahar, Fachdoktesch fir Nephrologie am Tuanku Ja'afar Seremban Hospital a Malaysia, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass Mënsche mat enger Nierekrankheet net ze vill Kokosnosswaasser drénke sollten, well et en héije Kaliumgehalt huet (archivéierte Link).
"En immens héije Kaliumspigel am Blutt ass geféierlech a kann zu Häerzrhythmusstéierunge féieren", sot si den 31. Juli.
Och d'amerikanesch National Kidney Foundation warnt virun engem iwwerméissege Kaliumkonsum duerch Liewensmëttel wéi Kokosnëss (archivéierte Link).
"Eng ze kaliumhalteg Ernierung ka sech negativ op Är Gesondheet auswierken, wann Är Nierefunktiounen noloossen", erkläert d'Grupp op hirer Internetsäit. "Limitéiert Är Consommatioun vu Kalium an Ärer Ernierung, wann Äre Bluttspigel ze héich ass".
Souwuel den Thurein wéi och d'Lily hu betount, dass eng ugemooss medezinesch Behandlung fir d'Heele vun Nierekrankheeten indispensabel ass an dass d'Vertrauen op onbewisen Heelmëttel oder onqualifizéiert Quellen zu schiedleche Verzögerunge beim Traitement féiere kann.
Den Thurein sot, dass en op Nierenerkrankunge spezialiséierten Ernierungsberoder en individuellen Ernärungsplang opstelle kann, deen dobäi hëlleft, d'Nierefunktioun an d'allgemeng Gesondheet ze erhalen a gläichzäiteg d'Ophuele vu Mineralie wéi Kalium ze kontrolléieren.
D'Lily sot ausserdeem: "Persounen, déi eng Nierenerkrankung opweisen, musse reegelméisseg vun engem qualifizéierten Dokter oder Nephrolog ënnersicht ginn, fir hir Blutt- an Urinwäerter ze iwwerwaachen".
D'AFP huet keng weider Beleeg dofir fonnt, dass gekeimt Kokosnëss bei der Behandlung vun Nierekrankheeten hëllefen.
D'AFP huet schonn an der Vergaangenheet aner Bäiträg iwwerpréift, an deene fir onbewisen Heelmëttel Reklamm gemaach gëtt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
