
Aktuell mécht an de soziale Medie en Artikel d’Ronn, dee ausgesäit, als wier e vun RTL Lëtzebuerg respektiv un eise Kolleege vun RTL Infos. Am Post op de soziale Medie gëtt duerch d’Foto ugedeit, datt de bekannte franséischen Adelsexpert Stéphane Bern attackéiert gouf. Duerch eng manipuléiert Foto, engem Deepfake, gëtt et esou duergestallt, wéi wann hie mat zwee bloen Aen an engem Spidolsbett géif leien. “Le Luxembourg est sous le choc après les nouvelles d’hier” also “Lëtzebuerg steet no den Noriichte vu gëschter ënner Schock” gëtt ënner anerem op Facebook Reklamm fir en Artikel gemaach. Ënnert dem Artikel steet dann “rtl.lu”. Doduerch kéint ee mengen, datt ee mat engem Klick op dësen Artikel op enger offizieller Säit vun RTL Lëtzebuerg lant. Deem ass awer net esou.

Mécht een eng Sich no der Foto, op där de Stéphane Bern gewise gëtt, mat Hëllef vu Google Lens a Google ImageSearch fënnt dësen net dat selwecht Bild. Als Erklärung vun der Google KI kritt ee gesot “This image shows a person’s face with text overlay in French” also “Dës Foto weist d’Gesiicht vu enger Persoun an driwwer gouf Text op Franséisch gesat”. Bei den änleche Foto-Extraite kritt een da Biller vun eelere Leit respektiv och vum Stéphane Bern selwer, awer ni genee dësen Extrait. Och aner Tools wéi Yandex kënnen d’Foto net eent zu eent esou erëmfannen, mä ginn engem änlech Biller, wéi Google se fonnt huet. Och verschidden Hëllefstools, déi drop spezialiséiert sinn, fir mat KI generéiert Fotoen ze analyséieren, deiten drop hin, datt dëst Bild mat KI erstallt oder duerch KI manipuléiert gouf.
Wann een dann op dës Promo an de soziale Medie klickt, kënnt een op enger Säit eraus, déi ausgesäit, wéi wa se vun RTL wier. Net nëmme fält engem awer op, datt d’URL eng ganz aner ass - breakingnewstodayreport24.info - ma och, datt d’Sprooche vum Layout vun de verschiddene Säite vun RTL Lëtzebuerg matenee vermëscht goufen. Wärend et de Logo vun RTL Lëtzebuerg ass, an och d’Rubricken “National” an “International” déi lëtzebuergesch Schreifweis sinn, sinn awer déi aner Rubricken, wéi “Actualités”, “Économie” oder “Opinion” op Franséisch. Bei de Kolleege vun RTL Infos ginn et awer d’Rubricken “Économie” “Technologie” a “Vérification des faits” net ënnert deene Bezeechnunge respektiv net zesummen an aner Haaptkategorie. Och dës heescht bei de franséische Kolleegen “News” an net “Actualités”.

De “Skandalinterview”, deen am Titel vum Artikel erwäänt gëtt, stellt sech u sech als Reklamm fir Trade Edge AI eraus. De Stéphane Bern erkläert dem erfonnten “RTL-Journalist Michel Pauly”, wéi den Adelsexpert aus just 215 Euro Investissement séier e gréissert Verméige konnt opbauen. Trade Edge AI war schonn eng Kéier Sujet vun engem RTL-Faktencheck. Virun e puer Wochen nämlech hat e gefälschte Journal-Bäitrag behaapt, datt de Xavier Bettel Reklamm fir dëse Produit géif maachen. Déi brittesch Finanzopsiicht FCA hat awer hirersäits scho virun dëser Säit gewarnt, well d’Firma probéiert huet, a Groussbritannien Geschäfter ze maachen, ouni eng Autorisatioun vun der FCA kritt ze hunn. Dofir war et hiren Opruff: “Dir sollt Geschäfter mat dëser Firma evitéieren an Iech viru Spam an Uecht huelen.”
D’Fotoen, déi den Interview sollen illustréieren, stamen aus engem Portrait vum Stéphane Bern, dee vun TF1 realiséiert gouf. Dëst war zimmlech séier mat Google Image Search erauszefannen. Dëse gouf och net vun engem Här “Michel Pauly” gemaach, mä vun der TF1-Animatrice Isabelle Ithurburu. Si gouf mat Hëllef vu KI an enger weiderer Foto am Artikel duerch en eeleren Här, de “Michel Pauly”, einfach ersat. Sicht een am Internet nom “Michel Pauly” gëtt engem e Professer fir Geschicht op der Uni Lëtzebuerg proposéiert. Vergläicht een dann d’Fotoe vum richtege Michel Pauly op der Säit vun der Uni.lu an där vum falsche Michel Pauly am gefälschten Artikel, kann een och dovunner ausgoen, datt dem Geschichtsprofesser säin Ausgesinn als Basis vun der gefälschter Persoun kéint geholl gi sinn. De Professer Michel Pauly war awer schonn e puer Mol am Zentrum vun Artikelen oder Interviewen op RTL (hei, hei an hei).
Den Artikel déngt mat der räisserescher Reklamm an de soziale Medien an och dem räissereschen Titel als Publicitéit fir eng Trading-Plattform, virun där déi brittesch Autoritéite warnen. De Look vun RTL Lëtzebuerg gouf kopéiert, fir der Saach e méi seriöen Habillage ze ginn. Ma den Interview, esou wéi e beschriwwe gouf, gouf et ni. Déi genotzte Biller stamen aus engem Portrait vun TF1, wou d’Journalistin Isabelle Ithurburu mam Stéphane Bern geschwat huet. Si gouf duerch KI duerch de “Michel Pauly” ersat, e Journalist, deen et esou weder bei TF1 nach bei RTL Lëtzebuerg gëtt, mä deen engem fréiere Geschichtsprofesser vun der Uni.lu an Ausgesinn an Numm zimmlech änelt.