Aktualitéitsstonn iwwert d'US-SécherheetsstrategieWann d'Spuerkeess der Trump-Administratioun nogëtt

Claude Zeimetz
Wéi positionéiert sech d’Lëtzebuerger Regierung par rapport zu der neier nationaler Sécherheetsstrategie vun den USA, dat wollt den LSAP-Deputéierten Franz Fayot e Mëttwochmoien an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber wëssen.
© RTL

Déi “faschistesch an imperialistesch Tendenzen aus dem Wäissen Haus” missten engem grouss Suerge maachen, well se drop aus wieren, Europa vu banne futti ze maachen, sot hien. Ma Schwaarz-Blo géif sech deem net genuch entgéint stellen, hunn e Mëttwoch nieft de d’Sozialisten, virun allem och déi Gréng an déi Lénk kritiséiert.

Konte vum Internationale Strofgeriichtshaff: Oppositioun gëtt sech net mat Regierungserklärungen zefridden

Zu enger gréisserer Diskussioun huet nach emol d’Decisioun vun der Spuerkeess gefouert fir uganks des Joers hei zu Lëtzebuerg Konte vum Internationale Strofgeriichtshaff zouzemaachen. Nodeems d’Trump-Administratioun Riichter vun deem Geriichtshaff mat Sanktioune beluecht hat. Hei wier ee virun de Won gelaf, fënnt de Franz Fayot. Den LSAP-Deputéierten huet vu “vorrausseilendem Gehorsam” op der Chambertribün geschwat. D’Spuerkeess hätt d’Regierung ëm hir Meenung gefrot an hätt u sech misse gesot kréien, datt sou eppes net a Fro kënnt, fir d’Konte vun “engem Pilier vum Internationale Rechtssystem” zouzemaachen, huet den Oppositiounspolitiker gemengt. Mä sou e kloert Bekenntnis wier awer net komm.

Premier ass “objektiv gesinn” net frou iwwer Decisioun vu BCEE

E kloert Bekenntnis zum Internationale Strofgeriichtshaff gouf et e Mëttwoch um Premier dann eréischt op méi Nofroen hin, notamment och vun der grénger Fraktiounscheffin Sam Tanson, déi och scho parlamentaresch Froen zu deem Sujet gestallt hat, nodeems d’Lëtzebuerger Wort driwwer bericht hat. “Objektiv gesinn” wier hien natierlech frou, datt den Internationale Strofgeriichtshaff Konten hei am Land hätt, sot de Luc Frieden schlussendlech a sengen Ausféierungen. Firwat d’Spuerkeess déi Relatioun ofgebrach huet, wéisst hien awer net. Hie wier weder Member vun der Spuerkeess, nach de Finanzminister. Et et géif definitiv net an de Kompetenzberäich vun engem Premier falen, fir ze decidéieren, wéi eng Konten eng Bank zoumécht. Dës Erklärungen hunn d’Oppositiounsparteie vun der Gauche awer nëmme wéineg zefridde gestallt.

Luc Frieden gesäit d’USA och an Zukunft als Haaptalliéierten

Allgemeng huet de Luc Frieden nach emol e Plädoyer fir déi transatlantesch Relatiounen gehalen. Jo, d’Europäer misste kucken, fir sech op déi eege Féiss ze stellen, mä d’Amerikaner misste weiderhin den Haaptalliéierte bleiwen. Et hätt och an der Vergaangenheet ëmmer erëm Tensiounen tëscht Europäer an Amerikaner ginn. Selwecht hat och schonn den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet argumentéiert a gemengt, et wier een haut net am groussen Ofhängegkeetsverhältnis mat den Amerikaner, wa schonn an der Vergaangenheet reagéiert gi wier.

Finanzminister hat scho virun zwou Woche Stellung bezunn

D’Sam Tanson hat dem CSV-Finanzminister scho viru 14 Deeg an der Chamber Froen zu deem selwechten Thema gestallt. De Gilles Roth hat sech do virun allem hannert dem Bankgeheimnis verstoppt an erkläert, datt den Internationale Strofgeriichtshaff seng Sue selwer ofgezunn hätt. Hie kéint och net ausschléissen, datt dat ganzt “einvernehmlech” geschitt wier.

Fir duerno z’erklären, datt d’Spuerkeess vill Transaktiounen an US-Dollar maache géif. Sanktiounen an den USA missten also ëmmer an déi intern Risikobewäertung mat afléissen. D’Regierung kéint sech awer souguer bei der “Staatsbank” net an déi Risikobewäertung amëschen.

Back to Top
CIM LOGO