Probleemer mat Fiichtegkeet bei "Family of Man"Déi Lénk fuerderen dréngend Explikatioune vum Eric Thill

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk hu weider gréisser Zweiwel drun, datt et bei der renomméierter Fotoausstellung "Family of Man"zu Clierf wierklech nëmme ganz punktuell Problemer mat der Fiichtegkeet gouf.
D’Ausstellung “Family of Man” zu Clierf.
© Romain Girtgen

D’Dokumenter, déi d’Oppositiounspartei vum Kulturministère iwwermëttelt krut, géifen eppes aneres soen, wéi dat, wat den Direkter vum CNA Gilles Zeimet den 11. Mäerz an der Kulturkommissioun den Deputéierten erkläert hätt.

Dowéinst fuerderen déi Lénk en Donneschdeg an engem ëffentleche Schreiwes, datt d’Kulturkommissioun a Presenz vum DP-Kulturminister Eric Thill dréngend misst convoquéiert ginn, fir “iwwert dës grave Problemer” ze schwätzen. Den Eric Thill hat e Samschdeg bei eis am Background um Radio erkläert, datt verschidde kritesch Wäerter an de Raimlechkeete vum Schlass zu Clierf just “zu engem minimalen Zäitpunkt” iwwerschratt gi wieren. De Minister huet vu Minutte geschwat. Et wieren och präventiv Maschinne fir ze entfiichten installéiert ginn, fir e potentielle Schued sou kleng wéi méiglech ze halen.

D’Tageblatt huet en Donneschdeg an engem Artikel awer driwwer bericht, datt wéinst der futtisser Klimaanlag zejoert d’Fiichtegkeet a verschiddene Raim duerchaus iwwert méi e laangen Zäitraum ze héich gewiescht wier. Eppes, wat den historesche Fotoe vun der “Family of Man” vum Edward Steichen schuede konnt. Fotoen, déi zum Unesco-Weltkulturierwe gehéieren.

Nieft der “Family of Man” stoung de CNA och wéinst Fiichtegkeetsproblemer bei der “Teutloff Collection” zu Diddeleng zejoert an der Kritik. Derbäi komme Kriticken un der Gouvernance vum Direkter Gilles Zeimet. Zwee Mataarbechter hunn eng formell Protektiounsprozedur wéinst Mobbing initiéiert.

Den oppene Bréif vun Déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO