D'Ekipp ëm de Buergermeeschter Gilles Roth kritt siwe vun de 15 Sëtz. D'LSAP an déi Gréng kommen op 3, d'DP op 2.

De Gilles Roth (CSV) krut mat 3.374 Stëmmen déi meeschten zu Mamer. Dohannert kommen de Luc Feller (2.739) vun der CSV an de Roger Negri (2.334) vun der LSAP. Beschtgewielt bei deene Grénge gëtt d'Deputéiert Djuna Bernard (1.501), bei der DP ass et de Sven Bindels (955).

De Gilles Roth (CSV) an d'Francine Closener (LSAP) iwwer Resultater zu Mamer

D'Deputéiert Francine Closener kënnt op déi zweete Plaz bei der LSAP, dat mat 1.753 Stëmmen.

Déi komplett Resultater fannt der op eiser Walsäit.