Zu Conter gesäit et duerno aus, wéi wann d'CSV mat de meeschte Sëtz (5) de Choix huet mat wiem si eng Koalitioun forméiert.

Deemno kéint d'Marion Zovilé-Braquet hire Buergermeeschteschposte verdeedegen. Fir si besteet d'Optioun mat der LSAP (2) weiderzefueren oder sech mat der DP (3) zesummenzedoen, déi ee Sëtz gewonnen huet.

Fir d'LSAP sinn d'Stéphanie Ansay an d'Claire Delcourt direkt am éischten Ulaf gewielt ginn, esou dass si déi zwee Sëtz vun der LSAP verdeedegen. Si wieren dann och bereet, déi nächst 6 Joer erëm mat der CSV zesummenzeschaffen. Eng Dräierkoalitioun mat DP an déi gréng, schléisst ee bei der LSAP allerdéngs aus. Dat géif net dem Wielerwëllen entspriechen, esou d'Argumentatioun.

Um Méindeg den Owend huet d'CSV Gespréicher mat der LSAP, grad ewéi mat der DP.

Resultater vu Conter.