D’Sektioune vun der CSV an der LSAP wiere sech eens, fir eng Koalitioun mat enger 9 zu 4-Majoritéit ze bilden.

De Buergermeeschterposten iwwerhëlt de Jean Weiler (CSV), éischte Schäffe gëtt de Marco Lux (LSAP).

D’Opdeelung vum zweete Schäffeposte verleeft iwwer en 2-3-1 Splitting.  Dat heescht de José Gonçalves (CSV) iwwerhëlt dee Posten déi éischt zwee Joer. Duerno iwwerhëlt d’Astrid Belleville (LSAP) de Poste fir dräi Joer.  Fir dat lescht Joer geet de Schäffeposten nees un d’CSV.

Den Detail fannt Dir am Schreiwes.