Koalitiounsaccord ass ënnerschriwwen

© RTL Archivbild
Zu Dikrech hu sech d'CSV an d'DP op ee Koalitiounsaccord fir déi nächst 6 Joer gëeenegt. Schwarz-Blo léisst jo no 12 Joer absolutter Majoritéit d'LSAP of.
Wéi d'CSV an d'DP vun Dikrech per Pressecommuniqué matgedeelt hunn, ass ee Koalitiounsaccord ënnerschriwwe ginn. Fir déi nächst 6 Joer wäert de Charel Weiler vun der CSV de Poste vum Buergermeeschter bekleeden, de José Lopes vun der DP gett 1. an de Paul Bonert vun der CSV 2. Schäffen. CSV an DP waren aus de Gemengewale vum 11. Juni zu Dikrech als Gewënner ervirgaangen an hate jee 1 Sëtz derbäigewonnen. D'LSAP ronderëm de Claude Thill war zwar ganz knapp stäerkste Partei bliwwen, mee hat awer 2 Sëtz an domat hir absolutt Majoritéit verluer.