Koalitiounsgespréicher zu Wolz kënnen ufänken

Mat 87 Prozent huet d'CSV-Sektioun vu Wolz derfir gestëmmt, Gespréicher mat der DP opzehuelen. Een Accord gëllt als sécher.
Wéi d'Partei-Statutten et virgesinn, huet déi Wëlzer CSV-Sektioun um Dënschdegowend doriwwer ofgestëmmt, ob ee Koalitiounsgespréicher mat der lokaler DP ophuele soll. Wéi déi designéiert CSV-Buergermeeschtesch Carole Petitnicolas-Weigel op Nofro hin erkläert huet, huet d'Basis mat 87 Prozent decidéiert, Verhandlunge mat de Liberalen ze féieren. Datt dës positiv ausgoe wäerten, wier just eng Formsaach. Bei de Walen hat d'LSAP ronderëm den aktuelle Buergermeeschter Fränk Arndt 6,9 Prozent vun de Stëmmen an domat ee Sëtz verluer. D'Sozialisten an déi Chrëschtsozial kommen deemno jee op 5 Sëtz, d'DP konnt ee Sëtz derbäigewannen a kënnt elo op 3 Mandater am Conseil.
Well hie léiwer d'Zesummenaarbecht mat der LSAP, déi zanter der Gemengefusioun tëscht Wolz an Eeschwëller am Joer 2015 besteet, virugefouert hätt, huet den aktuelle Schäffe Patrick Comes seng Parteikaart ofginn a wäert als onofhängege Conseiller am zukünftege Gemengerot sëtzen. Trotzdeem hätten CSV an DP zesummen eng Majoritéit. Dës war an der Lescht onsécher, well och deen anere CSV-Schäffen Albert Waaijenberg erkläert hat, eng Koalitioun mat de Liberalen net ze ënnerstëtzen. Hie wäert seng Parteikaart awer net ofginn, sou datt enger Zesummenaarbecht mat der DP näischt méi am Wee stoen dierft. D'Gespréicher sollen nach Enn dëser oder spéitstens ufanks nächster Woch ufänken.