Iechternach
Koalitioun tëscht DP an LSAP, Carole Hartmann gëtt Buergermeeschtesch

Nodeems schonn den Dag no de Gemengewalen eng Lettre d'intention ënnerschriwwe gi war, gouf d'Koalitioun tëscht LSAP an DP elo bis 2029 festgehalen.
D'Koalitiounsgespréicher wiere produktiv gewiescht an hätte vill Gemeinsamkeete gewisen. D'Carole Hartmann (DP) léist den Yves Wengler (CSV) of a gëtt Buergermeeschtesch, wärend de Ben Scheuer (LSAP) éischte Schäffen an de Jean-Claude Strasser (LSAP) zweete Schäffe gëtt.
De Poste vum zweete Schäffen deelen sech d'DP an d'LSAP allerdéngs, esou datt en an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod vun engem Vertrieder vun der DP wäert gefëllt ginn.
Am meeschte gelies