Buergermeeschter Fränk Arndt geet a Gespréicher mat der CSV

Zu Wooltz huet den aktuelle Buergermeeschter Fränk Arndt elo am fréien Owend éischt Sondéierungsgespréicher mat der CSV.
Et hätt een déi lescht 6 Joer gutt zesummegeschafft, mee elo misst ee kucke wéi et virugeet. D'LSAP huet 6,8 Prozentpunkte verluer par Rapport zu 2017, mee ass awer nach déi stäerkst Partei mat 38,6 Prozent. Fir d'CSV war et e plus vun 2,5 Prozentpunkten op 37,3 Prozent.
Souwuel d'LSAP, wéi och d'CSV hu fënnef Sëtz. DP huet der dräi. Souwuel d'CSV kéint also mat enger DP zesummegoe wéi och d'LSAP mat enger DP. D'CSV-Gemengeconseillère Carole Petitnicolas-Weigel huet confirméiert, dass hir Partei schonn de Moie Gespréicher mat der DP hat. Zu Wooltz ass deemno alles nach op an et bleift spannend.