Éischt Gespréicher tëscht de Parteie lafen
Zu Péiteng lafen déi éischt Gespréicher tëscht de Parteien. Et gi méi Optioune fir eng nei Koalitioun. Decidéiert ass nach näischt.
Déi zweetstäerkst Partei, d'LSAP, mam Meeschtgewielte Romain Mertzig huet zwar Kontakt mat der Piratepartei opgeholl, déi vun 2 op 4 Sëtz geklomme war. Dofir bréicht et awer nach d'Participatioun vun entweder der DP oder déi Gréng. RTL-Informatiounen no wëll keng vun de béide Parteie mat de Pirate koaléieren. Eng Koalitioun zu dräi mam Marc Goergen a senge Pirate schéngt domat aktuell wéineg probabel.
Am Laf vum Méindegowend kommen d'LSAP an d'CSV fir en éischten Austausch beieneen. De Co-Spëtzekandidat Jean-Marie Halsdorf hält trotz héije Pertë vu senger Partei u sengem Usproch, Buergermeeschter ze ginn, fest. D'CSV ass mat 6 Sëtz (-2) nach ëmmer stäerkste Kraaft zu Péiteng. Och de Sozialist Romain Mertzig wëll Gemengepapp ginn, sot awer, hie géif säi perséinlechen Usproch och kënnen am Sënn vun der Gemeng zeréckschrauwen. Béid Parteien, déi zanter 12 Joer zesummegeschafft hunn, wéilten elo hire Gremien déi néideg Zäit ginn ze tranchéieren.
D'Resultater vu Péiteng am Detail.