E Méindeg den Owend kënnt d'CSV vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch beieneen, fir d'Resultat z'analyséieren an ze kucken, wéi een no der Perte vu bal 5 Punkten an engem Conseillersposte wäert weiderfueren.

Logesch wier eng grouss Koalitioun mat der LSAP, wou sech de Carlo Feiereisen mat enger Avance vu ronn 300 Stëmme virum Paul Weimerskirch placéiert hat - eng LSAP, déi 4 Punkten verléiert, mee stabel bei 6 Conseillere bleift. Schwaarz-Rout hätt deemno eng Majoritéit vun 11 Sëtz.

Denkbar ass zu Schëffleng natierlech och eng Dräier-Koalitioun, déi souwuel d'CSV, wéi och d'LSAP kéinte mat dem gewielten DP-Conseiller an den 2 grénge Conseilleren agoen. Vill Méiglechkeeten di sech also op, woubäi et sécher och wäert ëm den Numm goen, wie Buergermeeschter gëtt: Weimerskirch oder Feiereisen.